Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Disco Dans Ta Cave

play_arrow Live
search

/ Policeminister: Elektroautoen entspriechen net de Besoine vun der Police

Äntwert op parlamentaresch Fro

Policeminister: Elektroautoen entspriechen net de Besoine vun der Police

Bei den Elektroautoe vun der Lëtzebuerger Police entspriechen d‘Opluetzäite vun de Batterien an d’Reechwäit net de Besoine vum alldeegleche Policedéngscht. Dat schreift den zoustännege Minister Léon Gloden a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der Piratepartei. Och ee Verloscht u Leeschtung, wann d’Batterie schonn zum Deel entluet, géif de Besoinen net entspriechen.

auto_stories

1 min

Police Logo | © picture alliance / BeckerBredel

De Fuerpark vun der Police soll an den nächste Joren awer mat elektreschen Autoen erweidert gi fir déi Servicer, déi normal Deplacementer maachen.

D’Lëtzebuerger Police huet aktuell 34 elektresch Gefierer an hirem Fuerpark. Dëst Joer wäerten nach 3 Autoe vun der Ausschreiwung vun zejoert dobäi kommen, an et gi 6 weider elektresch Autoen dëst Joer ausgeschriwwen. Och fir d‘nächst Joer si 6 weider Elektroautoe bei der Police an den Ausschreiwunge virgesinn, sou nach de Minister Léon Gloden.