Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Policekarriär gëtt réckwierkend opgewäert

Police

D'Policekarriär gëtt réckwierkend opgewäert

D’Polizisten déi virun 2018 ee Premières-Diplom haten, kommen elo all an ouni zousätzlech Konditiounen an d’Karriär B1 déi viru 6 Joer agefouert gouf. Si sollen och hire Grad kënne behalen, dee si virum August 2018 haten.

auto_stories

1 min

De Minister Léon Gloden, deen zoustänneg ass fir d’Police, huet haut um Freide Moien zesumme mat der Police-Gewerkschaft dozou een Accord virgestallt.

406 Polizisten a Polizistinnen si concernéiert, dorënner 12 Member vun der Police General-Inspektioun. Si kréien déi besser Karriär B1 réckwierkend op den 1. August 2018 applizéiert. De Käschtepunkt läit bei 42,5 Milliounen Euro. De Gesetzprojet soll am September deponéiert ginn. Eng änlech Reegelung ass och fir d’Arméi virgesinn.

Domat soll enger Rei Urteeler an Arrête vum Verwaltungsgeriicht a vum Verfassungsgeriicht Rechnung gedroe ginn. Déi hate festgehalen datt d’Gesetz vun 2018, wat just engem Contingent vu Polizisten ee Karriär-Wiessel erméiglecht huet, net konform zur Verfassung wier.