Radioen

On air

Thé Dansant  |  Funkadelic - One Nation Under A Groove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rumänie wielt en neie President

zweeten Ulaf

Rumänie wielt en neie President

5 Méint no der Annulatioun vum éischten Tuer vun de Presidentschaftswalen a Rumänien, ginn d’Wieler haut um Sonndeg nees opgeruff ee President ze bestëmmen. 11 Kandidat:innen hu sech opgestallt. De Sondagen no, ass de George Simion vun der Rietspopulistescher Partei AUR Favorit. Hie kéim op 30 Prozent vun de Stëmmen. Determinant ass deemno wie géint hien an de Ballotage geet an ob dëst EU an NATO-Memberland op engem demokratesche Kurs bleift oder net.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

De George Simion ass Chef vun der extrem rietser Partei “Alliance for Unity of the Romanians” (AUR).  | © picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim play_arrow
De George Simion ass Chef vun der extrem rietser Partei “Alliance for Unity of the Romanians” (AUR). (Foto: picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim)

Viru 5 Méint koum am éischten Tour de rietsextreme Calin Georgescu op déi éischte Plaz. Hien huet net verstoppt, datt hien dem Kreml géif nostoen.

Irregularitéite bei der Finanzéierung

D’Verfassungsgeriicht hat d’Resultater vum éischten Tour vun de Presidentschaftswalen annuléiert, op Grond vun Irregularitéite bei der Walkampf-Finanzéierung.

Ouni de Calin Georgescu ze nennen, hat d’Geriicht an hirer Decisioun erkläert, datt ënnert anerem Online-Walkampfmaterial net an deem Sënn deklaréiert gi wier. Doduerch wier d’Chancëgläichheet vun de Kandidaten net méi garantéiert gewiescht.

Walkampf iwwer Tiktok

De Georgescu hat behaapt, datt en just iwwert Tiktok Walcampagne gemaach hat, an dofir kee Geld gebrauch hätt.

De Georgescu huet och net dierfen nach eng Kéier kandidéieren. Géint hie leeft zënter Februar eng Enquête. Eng Decisioun déi vum aktuelle Favorit dem George Simion schaarf kritiséiert gouf. Mee Tiktok spillt och beim Simion eng wichteg Roll, hien huet annerhallef Millioun Follower op där Plattform.

A wéi wäit ass de George Simion dann elo Kreml-frëndlech?

Am Europaparlament gehéiert seng Partei AUR, der Russland-kritescher Fraktioun vun den europäesche Konservativen a Reformer, dem EKR. Mee AUR steet fir eng ultra-nationalistesch, antiliberal, autoritär a pro-klerikal Politik. Russland wier dobäi eng Inspiratiounsquell.

Wien awer kënnt haut bei de Walen op déi zweete Plaz a kann den 18. Mee géint de Simion an d’Stéchwal goen?

Dat ass fir den Ament net kloer. De Sondage no kéimen dräi Kandidaten a Fro: De Buergermeeschter vu Bukarest vun der konservativ-liberaler Partei, den Nicosur Dan an de Crin Antonescu, Kandidat vun der sozialdemokratescher biergerlecher Regierungskoalitioun. Deen drëtte wier den aktuell parteilosen a fréiere sozialdemokratesche Ministerpresident Victor Ponta, deen als onberechenbar gëllt an deen den Donald Trump ëffentlech bewonnert.

Lauschterenplay_arrow