Radioen

On air

Espresso Beats  |  St. Vincent - Big Time Nothing

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ ProActif-Prozess: Déi zwee Affekoten hunn hir ënnerschiddlech Vuen duergeluecht

Urteel ass de 4. Abrëll

ProActif-Prozess: Déi zwee Affekoten hunn hir ënnerschiddlech Vuen duergeluecht

Um Stater Aarbechtsgeriicht gouf sech mam Ofsetze vum François Georges als Direkter vu ProActif befaasst. Et war déi éischt Kéier, datt et op engem Geriicht ëm de Sträit tëscht der Beschäftegungsinitiativ vum LCGB an där hirem Ex-Direkter goung. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Cité judiciaire | © Laura Paredis / Pexels play_arrow

De François Georges wiert sech mat enger Référésprozedur. Dat entsprécht der däitscher „einstweiligen Verfügung“ géint seng Revocatioun. Déi zwee Affekoten haten haut komplett ënnerschiddlech Vuen op d’Faiten.

D'Reegele vun der Entloossung wieren ignoréiert ginn

„Wat hei ofgelaf ass, ass eng eenzeg Katastroph.“ Mat deem Saz huet de Maître Romain Adam, Affekot vum François Georges, säi Plädoyer ugefaangen. Hei wiere sämtlech Reegele vun enger Entloossung ignoréiert ginn. Eng Entloossung, déi dofir sollt réckgängeg gemaach ginn.

De ProActif-President Norbert Conter hätt e Cavalier seul gemaach, mee kee Pouvoir dofir gehat, well d’Statuten him d’Recht dozou net ginn. Och wieren d’Membere vum Verwaltungsrot net direkt zesummegeruff ginn, mee eréischt 10 Deeg nodeems ugekënnegt gouf, de François Georges wier entlooss ginn, an et wier och zu kengem Moment doriwwer ofgestëmmt ginn.

Elementar Reegele wieren net agehale ginn

D’Aarbechtsrecht hätt de President och net interesséiert. Sou hätt et keen Entretien préalable ginn, an deem den Ex-Direkter seng Vue hätt kënnen duerleeën. De gréisste Skandal wier awer, datt behaapt gi wier, de François Georges wier aggressiv ginn. Den Norbert Conter hätt dono selwer gesot, datt et ni zu sou eppes koum. Et wier d’Method vum Norbert Conter, Fait accomplien ze schafen. Elo wieren awer Geriichter dofir do fir ze soen: 'Sou geet et net'. Well elementar Reegelen hei net agehale gi wieren, géif keng valabel Entloossung virleien.

De Maître Lehnen, Affekot vu ProActif, huet erkläert, datt den Norbert Conter net eleng fir d’Entloossung vum François Georges responsabel war. De Maître Jean-Marie Bauler hätt als Affekot vu ProActif a Member vum Verwaltungsrot den entspriechende Bréif verschéckt. Et wier drëms gaangen, fir séier eng Decisioun ze huele par rapport zu engem Direkter, dee sech sou géintiwwer dem Patron beholl hätt. Den Ex-Direkter hätt op de President wëllen duergoen. Dat wier eng Aggressioun, déi eleng scho fir eng Entloossung duergaange wier, an d’Demande vun der Géigesäit wier dofir net ze erklären.

De 4. Abrëll gëtt an dëser Affär en Urteel gesprach.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft