Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Cold Cold Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Putin rifft zur Zréckhalung op, verurteelt den iraneschen Ugrëff awer net explizit

Noen Osten

Putin rifft zur Zréckhalung op, verurteelt den iraneschen Ugrëff awer net explizit

No der iranescher Attack op Israel huet elo och de russesche President Wladimir Putin an engem Telefonsgespréich mat sengem iraneschen Homolog Ebrahim Raisi all d‘Parteien am Noostkonflikt opgeruff, sech zeréckzehalen. Eng Eskalatioun kéint katastrophal Konsequenze fir déi ganz Regioun hunn, esou de Putin, deen den Ugrëff selwer awer net explizit verurteelt huet.

auto_stories

1 min

Wladimir Putin | © picture alliance / Russian Look | Gavriil Grigorov Kremlin Pool
Foto: picture alliance / Russian Look | Gavriil Grigorov Kremlin Pool

Den iranesche President huet Israel op en Neits virun enger militärescher Géigenattack gewarnt.

Vun Israel koum bis elo keng Äntwert. De Krichs-Cabinet war do op en Neits zesummen. Israel huet awer net ëffentlech gemaach, ob eng Decisioun geholl gouf. D‘USA an aner Alliéierter vun Israel hunn déi iranesch Attacke verurteelt, mee si hunn d‘Regierung vum Benjamin Netanjahu opgeruff, sech zréckzehalen, an eng weider Eskalatioun ze verhënneren.