Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ RUHelp: Dout vum Alexei Nawalny ass e grousse Verloscht

Oppositiounspolitiker

RUHelp: Dout vum Alexei Nawalny ass e grousse Verloscht

Mam Alexei Nawalny ass ee vun de gréisste Bekämpfer vun der Korruptioun a Russland elo net méi do, bedauert de Serguey Terentyev. Als Member vun der Associatioun RUHelp, déi sech géint de Krich an der Ukrain asetzt, huet hien e Samschdeg zesumme mat geschate 400 Leit dem Alexei Nawalny an der Stad geduecht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Facebook-Säit vu RUHelp

Den Alexei Nawalny ass net dat éischt an och net dat lescht Affer vum russesche Regimm, dovun ass de Serguey Terentyev iwwerzeegt. Mee eent wier genee sou sécher: d‘Oppositiounsbeweegung a sengem Heemechtsland, dat de Serguey Terentyev als Diktatur bezeechent, verléiert mam Alexei Nawalny eent vu senge bekanntste Gesiichter. An nach méi schlëmm, fënnt de Serguey, dem Alexei Nawlany seng Stëftung fir Korruptiounsbekämpfung kënnt duerch säin Doud an d‘Laberenten.

„Sans lui en tête de l'organisation, ils ont vraiment perdu beaucoup, beaucoup, beaucoup. Là je ne sais pas comment ils vont continuer, car sans lui cette organisation c'est un peu différent, cela n'a pas le même poids.“

Sech géint Korruptioun a géint 

Dobäi wier den Asaz vun der Stëftung essentiell, seet de Serguey Terenteyev, well Russland wier duerch an duerch korrupt.

A sech dogéint stäipen, dogéint ukämpfe wier extrem geféierlech. Dat hätt de Parcours vum Alexei Nawalny gewisen, an dat wéisst och een einfache Member vun enger Associtaioun wéi RUHelp zu Lëtzebuerg, déi 2022 nom Ufank vum Krich géint d‘Ukrain gegrënnt gouf an eng 30 aktiv Memberen huet. De Sergei Terenteyev seet, och Membere vu senger Organisatioun géife bis zu 15 Joer Prisong riskéieren, wa si nees zeréck a Russland géife goen.

D'Associatioun fuerdert fir eng Strooss ëmzebenennen

Fuerderungen un déi Lëtzebuerger Politik huet RUHelp net direkt. Et kéint een de Moment net méi maache wéi dem Alexei Nawalny senger Fra säi Bäileed auszeschwätzen, sot den Ausseminister Xavier Bettel haut am 100,7-Interview, de Serguey Terenteyev gëtt him Recht.

„Il y a déjà déjà toutes les sanctions possibles qui ont été mises contre le gouvernement actuel de la Russie. Même si ces sanctions ne marchent pas trop, il n'y a pas beaucoup de choses qu'on peut faire.“

Eng Demande huet RUHelp awer, an zwar un de Stater Schäfferot. An den nächsten Deeg wëll d‘Associatioun eng Demande maache fir eng vun den Stroosse ronderëm déi russesch Ambassade symbolesch ëmzebenennen – an „rue Alexei Nawalny“.

Lauschterenplay_arrow