Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Lambchop - NIV

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Familljenzesummeféierung: Jee no Hierkonftsland méi schwéier

Migratioun

Familljenzesummeféierung: Jee no Hierkonftsland méi schwéier

Bierger aus Drëttstaaten, déi ganz legal a Lëtzebuerg wunnen, an déi hir Famill bei sech huele wëllen, déi mussen a verschiddene Fäll mat héijen administrativen Hürde kämpfen. De sougenannte Regroupement familial ass jee no Hierkonftsland méi einfach oder méi schwéier.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Lénks: Constance Mathieu, riets: Lucia Coelho (Foto: Carole Schimmer)

D’Familljenzesummeféierung ass ee Grondrecht, wann et ëm d’Zesummeliewen tëscht den Elteren an hire mannerjäreger Kanner geet. An der Praxis wier dat awer mat ganz héijen administrativen Hürde verbonnen. D'ASBL C.L.A.E, de Comité de liaison des associations d'étrangers, huet ee Service d'acceuil fir d'Leit ze ënnerstëtzen. 

Korruptioun a falsch Pabeieren

D’Lucia Coelho ass Assistante sociale beim C.L.A.E. Si empfänkt dacks Persounen déi Schwieregkeeten hu fir hire Partner, hir Partnerin oder hir Kanner, déi net EU-Bierger sinn, op Lëtzebuerg ze bréngen. Wéi schwéier déi Prozedure sinn, dat hänkt vun der Hierkonft of. 

Fir Persounen aus Länner ewéi, zum Beispill, dem Cap Vert oder aus Brasilie géif dat relativ einfach goen. Bei anere Länner, wéi dem Senegal, Guinée Bissau oder Guinée Konakry wier et méi schwéier. Dat läit dodrun, datt d'Identitéits- a Filiatiounsdokumenter aus deene Länner net vun der Lëtzebuerger Direction de l'immigration unerkannt ginn. Grond dofir wiere Fäll vu Korruptioun, bei deene falsch Pabeieren am Ëmlaf gewiescht wieren. 

Nodeems d'Demanden ëmmer weider refuséiert goufen, an dat ëmmer mat där nämmlechter Begrënnung, hat de Service vun der Lucia Coelho bei der Direction de l'immigration nogefrot. Doropshi kruten si d'Erklärung, datt net kloer kéint gesot ginn, wéi eng Pabeiere richteg wieren a wéi eng net. 

Mat héije Käschte verbonnen 

Et wier awer mëttlerweil eng Léisung fonnt ginn. D'Dokumenter ginn elo op der Lëtzebuerger Ambassade zu Dakar am Senegal iwwerpréift. Déi sammelt eng Rei Dossieren un, an iwwergëtt se dann un déi Lëtzebuerger Autoritéite. Dat feiert dozou, datt den Delai sech nach eng Kéier verlängert. 

Problematesch wier och, datt d’Leit sech selwer mussen op der Ambassade presentéieren. Fir déi Leit aus de Länner ronderëm, wier dat mat héije Käschte verbonnen. An net ze vergiessen, datt et och Käschte gi fir konform Kopië vun den Dokumenter ze kréien.

Eng weider Schwieregkeet wier de Manktem u Wunnengen. Fir Familljememberen iwwerhaapt op Lëtzebuerg kommen ze loossen, muss een déi och logéiere kënnen, erkläert d’Lucia Coelho. 

"Le logement, c'est un problème. Non seulement par le prix, mais aussi, quand on veut rassembler la famille, il faut avoir les conditions de logement. Pour cela, le niveau du mètre carré et le nombre de chambres jouent un rôle important et donc tout ça fait que le prix augmente."

Ënner Ëmstänn kënne Persounen, déi zu Lëtzebuerg als Flüchtling unerkannt goufen, hir Kanner komme loossen, ouni datt se d’Konditioun vum Logement erfëllen. 

Ouni Pass - kee valabelt Reesdokument

Eng aner Situatioun trëfft dann déi Leit, déi op der Flucht sinn an déi just Dokumenter hunn déi vun UNO-Agencen ausgestallt ginn. Een Eritreeër deen zu Lëtzebuerg den Asyl accordéiert krut, kéint seng eege Fra dowéinst net komme loossen, seet d’Constance Mathieu, eng aner Assistante sociale vum CLAE. Do géif d'Problematik haaptsächlech bei de Pabeiere leien. Wann ee just eng Attestation de réfugié hätt an domat kee Pass, hätt ee kee valabelt Dokument fir ze reesen an dat géif de Regroupement familial erschwéieren. 

Weider Hürde ginn et och a punkto Mobilitéit an der EU. Bierger aus Drëttstaaten, déi als Frontalier zu Lëtzebuerg schaffe wëllen, mussen nach ëmmer eng Aarbechtsgeneemegung ufroen.

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft