Radioen

On air

Notturno  |  Lucy Dacus - Vbs

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Restaurant op Mallorca zesummegefall: Op d'mannst 4 Doudeger

Mallorca

Restaurant op Mallorca zesummegefall: Op d'mannst 4 Doudeger

Ongléck op Mallorca. Op d’mannst 4 Leit koume gëschter Owend ëm d’Liewen, wei op der Playa de Palma, um Ballermann, e Restaurant zesummegefall ass. 16 Leit goufe blesséiert.

auto_stories

1 min

© X / Onda Cero Mallorca
Foto: X / Onda Cero Mallorca

Verschiddener goufe schwéier blesséiert, huet d’Police matgedeelt. Bis elo ginn et keng Informatiounen iwwer d'Ursaach vum Ongléck oder d‘Identitéit vun den Affer. Et ass dervun auszegoen, datt déi Betraffen Touriste sinn.

Den Ausseminstère deelt op Nofro hi mat, datt kee Lëtzebuerger ënnert den Affer ass. Ënnert de 4 Doudesaffer sollen zwou däitsch Fraen am Alter tëschent 20 an 30 Joer sinn, souwéi eng 23 Joer jonk Spuenierin an ee 44 järege Mann aus dem Senegal.