Radioen

On air

Trendscheif  |  C'est Karma - Hearts On Windows

play_arrow Live
search

/ Rietsextreeme Veräin "Artgemeinschaft" gouf verbueden

Däitschland

Rietsextreeme Veräin "Artgemeinschaft" gouf verbueden

An Däitschland gouf dee rassistesche riets-extreeme Veräin "Artgemeinschaft" vum Inneministère verbueden an opgeléist.

auto_stories

1 min

Razzia bei rietsextreemem Veräin Artgemeinschaft | © picture alliance/dpa | Jan-Philipp Strobel
Foto: picture alliance/dpa | Jan-Philipp Strobel

Zanter dem fréie Moie mécht d‘Police an zwielef däitsche Länner Razzien an de Wunnenge vu presuméiert Membere vun deem Veräin. 26 Appartementer wieren duerchsicht ginn. Réischt virun enger Woch war ee weideren Neonazi-Grupp „Hammerskins Deutschland“ verbuede ginn.