Radioen

On air

9 bis 1  |  Bruce Hornsby - Changes - 2Pac feat. Talent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rietsnationalist George Simion gewënnt éischte Waltour a Rumänien 

Favorit op Walvictoire

Rietsnationalist George Simion gewënnt éischte Waltour a Rumänien 

Bei der Presidentschaftswal a Rumänien huet dee riets-nationalistesche Politiker George Simion den éischten Tour kloer gewonnen. Nodeems bal all Stëmmen ausgezielt sinn, kënnt hien op knapp 41 Prozent. Fir den zweeten Tour a ronn zwou Wochen ass de Simion elo klore Favorit.

auto_stories

1 min

De George Simion ass Chef vun der extrem rietser Partei “Alliance for Unity of the Romanians” (AUR).  | © picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim
De George Simion ass Chef vun der extrem rietser Partei “Alliance for Unity of the Romanians” (AUR). (Foto: picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim)

Säi Géigner do gëtt viraussiichtlech dee liberale Buergermeeschter vu Bukarest, Nicusor Dan, dee kenger politescher Partei ugehéiert.

Viru 6 Méint war déi rumänesch Presidentschaftswal an engem Skandal a Chaos ausgaangen. Dee radikalen Outsider Calin Georgescu hat gewonnen. Mee d'Resultat war annuléiert gi wéinst presuméiertem Walbedruch a russescher Interferenz.