Radioen

On air

De Weekend  |  Cluttered Clarity - Save It All Feat. Gretch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roberta Metsola: “Walcampagne muss geziilt Jonker viséieren”

EUROPAWALEN

Roberta Metsola: “Walcampagne muss geziilt Jonker viséieren”

Déi bis elo jéngste Presidentin vum Europaparlament ass dofir, datt iwwerall an der EU Jonker vu 16 Joer un wiele kënne goen. Bei EU-Gesetzer soll an Zukunft, ee “Jugend-Check gemaach ginn”, sou d’Roberta Metsola am Interview mat Journaliste vum Reseau Euranet Plus.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Euranet Plus

D’Roberta Metsola ass mat 45 Joer déi jéngste Presidentin, déi d’Europaparlament bis ewell hat. Si ass selwer fréi an d’Politik gaangen a wëll virun de Wale méiglechst vill Jonker motivéieren, wielen ze goen.

“Wann Dir net wielt, ginn déi 720 Sëtz am Parlament awer gefëllt. An et wäert iech vläicht net gefalen, wat der da gesitt. Wann der net wielt, decidéieren anerer fir iech. Wann der awer wielt, kënnt der dono déi Gewielte responsabel maachen. Also wielt a maacht et am Sënn vun deem, wat am beschte fir Äert Liewen ass.”

Metsola: Fréi wiele goen ass wichteg

A véier Länner vun der EU kënnen des Kéier fir d’éischte Kéier Jonker mat 16 Joer wiele goen. Et sinn dat Däitschland, Éisträich, d’Belsch an hiert eegen Heemechtsland Malta. Si selwer hätt sech dofir agesat, de Walalter erofzesetzen, sou d’Roberta Metsola

“Ech si nach ëmmer iwwerzeegt dovun. An all Land schwätzen ech mat Leit an deem Alter an ech fannen, si sollte wiele kënnen, wien si representéiert. Dofir musse mir dofir suergen, datt déi Altersgrupp och Deel vun eiser Wal-Campagne ass. Wann ee jonk wielt, erkennt een och fréi seng Biergerflichten un.”

An där Campagne wäert, virun allem och fir déi Jonk, de Klimawandel mat Sécherheet eng grouss Roll spillen. Op dee Sujet ugeschwat, bleift déi malteesesch Chrëschtdemokratin op der Linn, déi hir Partei, d’Europäesch Vollekspartei, an de leschte Méint virginn huet.

“Mir hunn an dëser Legislaturperiod extrem ambitiéis Klimagesetz op de Wee bruecht”,

Sou d’Roberta Metsola. Elo misst een déi richteg Balance fannen tëscht Klimaziler festleeën an dofir suergen, datt déi sozial an ekonomesch Suitten opgefaange ginn.

Klima-Ambitioune mussen deels zeréckgeschrauft ginn

Dat dat konkret heescht, datt ee bei den Ambitiounen zeréckruddert, verdeedegt d’Roberta Metsola. Zum Beispill am Fall vun der Direktiv, fir den Asaz vu Pestiziden extrem ze reduzéieren. Déi gouf vun der Kommissiounspresidentin dee leschte Mount zeréckgezunn. Dat war richteg, seet hir Parteikolleegin Metsola.

“Et war keng gutt Proposen an d’Parlament huet dogéint gestëmmt. D’Memberlänner hätten se ni ugeholl. Mir géife jo vun der Kommissioun erwaarden, datt si ee Gesetz zeréckzitt, wann et net funktionéiere kann. Dat gouf schliisslech gemaach a mir ware frou doriwwer.”

Wat d’Abanne vu Jonker ugeet, sou wëll d’Roberta Metsola sech dofir asetzen, datt bei neie Gesetzer ee Jugend-Check gemaach gëtt.

“Dat muss direkt bei all Propose, déi d’Kommissioun mécht, ee Bestanddeel sinn. Soss ass et ze spéit, fäerten ech. Wann eng Propose bis um Dësch läit ass et schwéier d’Parameteren ze änneren.”

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft