Radioen

On air

Notturno  |  The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russeschen Oligarch fuerdert ee Schuedenersatz vu Lëtzebuerg

Ronn 15 Milliarden Euro

Russeschen Oligarch fuerdert ee Schuedenersatz vu Lëtzebuerg

De russeschen Oligarch Michail Fridman fuerdert vun der Lëtzebuerger Regierung 14,6 Milliarden Euro als Schuedenersatz, well Lëtzebuerg säi Verméige wéinst de Sanktioune géint Russland agefruer hat. Dat huet déi Moskauer Wirtschaftszeitung „Wedomosti“ haut geschriwwen.

auto_stories

1 min

Michail Fridman | © LetterOne Group
Foto: LetterOne Group

Am Abrëll hat d‘EU-Geriicht um Kierchbierg d‘Sanktioune géint déi zwee russesch Oligarche Michail Fridman a säi Geschäftspartner Pjotr Awen opgehuewen. Dat. well et dem Geriicht no net genuch Beweiser géife ginn, fir déi zwee op d‘schwaarz Lëscht ze setzen.

Et géifen zwar Kontakter zum russesche President Putin ginn, mee dat géif net duergoe fir ze beweisen, datt si och Mesure géifen ënnerstëtzen, déi d‘Ukrain bedroen.

Elo wëllt Ee vun deenen zwee bal 15 Milliarden Euro Kompensatioun vu Lëtzebuerg. Wann et keen Accord à l‘amiable géif ginn, da wéilt hie viru Geriicht goen.