Radioen

On air

Notturno  |  Flavien Berger - Brutalisme

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Saya Gray - Saya 

Album vun der Woch

Saya Gray - Saya 

Op hirem zweeten Album “Saya” liwwert déi japanesch-kanadesch Musekerin Saya Gray Art-Pop an d’Péng vun engem gebrachenen Häerz. Et ass eng Tour de Force duerch d’Museksgenren an d’Gefillslage vun der Kënschtlerin an awer bleift “Saya” liicht zougänglech an herrlech erfrëschend. 

auto_stories

3 min

headphones

10 min

play_arrow

D’Saya Gray ass schonn eng Partie Joren als Musekerin aktiv. Hiren Debut “19 Masters” koum 2022 eraus, duerno gouf et och nach zwou EPs. Ugefaang huet si hir musikalesch Karriär als Bassistin, ënner anerem fir hire kanadesche Landsmann, de Singer Songwriter Daniel Caesar an och fir de leider kierzlech tragesch verstuerwenen Liam Payne.

De Fokus setzen 

Mee no 10 Joer an der zweeter Réi, wollt d’Saya Gray sech selwer an de Fokus récken. An dat ass hier elo spéitsdens mat “Saya” gelongen. 

Een Album, dee méi perséinlech geroden ass, méi intim. Op deem d’Kënschtlerin eis un hirem Trennungsschmerz deelhuele léisst, zum Beispill am Song “10 Ways (To lose a Crown), e surreale Féiwerdraam, an deem et dorëms geet, d’Peng vun enger Trennung hannert sech ze loossen an nees emotional Autonomie ze fannen.

Am Géigesaz zu de Virgänger sinn d’Texter op “Saya” méi direkt, manner abstrakt, och wann de Songwriting ëmmer nach eng Grëtz kryptesch bleift, mee d’Trennung, déi hei thematiséiert gëtt duerchzitt all Songs an d’Trauer doriwwer stécht déif an den Texter vun der Saya Gray dran. 

E Koup verschidde Stëmmungen 

D’Saya Gray hat nach ni musikalesch Scheiklappen un, grad op der leschter EP, déi 2024 erauskoum, huet si sech immens experimentell gewisen. An dat gëtt och op “Saya” weidergefouert. Et ass e wëlle Mix aus verschiddenen Stëmmungen a musikaleschen Aflëss, mol sinn et däitlech Country oder Folk Inspiratiounen, och Neosoul a Chamberpop Elementer sinn ze héieren. 

Vill vun de Stécker briechen och gäre mol mam eegenen Tempo oder Genre, zum Beispill “Exhaust the Topic”, e Stéck wat vun akustescher Gittar a Pedalsteel gedroe gëtt, éier dann awer déi lescht 45 Sekonnen e radikale Broch kënnt a sech en Donnerwieder aus Drums an dissonante Kläng entluet. Dat ass schonn no un Nu Metal drun. 

D’Saya Gray zielt ënner anerem och d’90s Rocker Rage Against the Machine als musikalesch Inspiratioun fir den Album op. Et kann een och nach d’Kate Bush, Fleetwood Mac oder och aktuell Popgréissten ewéi d’Aurora dobäi packen. 

Also wierklech eng immens breet Klangpalette, déi dësen Disk auszeechent. 

Lauschterenplay_arrow