Radioen

On air

Notturno  |  Amor Muere - Love Dies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 4

Podcast

Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 4

Zu Schëffleng léiert elo eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? Ëm déi Fro geet et an der véierter Episod vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler". Hei drënner fannt Dir den Transkript vun der Episod "En Français, s'il te plaît".

auto_stories

22 min

Julio Si maache ganz vill Däitsch a bësse Franséisch. A mir, mir maache vill Franséisch a bëssen Däitsch.

Sarah Scholtes Jo, ech hoffen, datt dee Projet komm ass fir ze bleiwen. Well ech mengen, datt et a Punkte Chancen de Lëtzebuerger Schoulsystem einfach méi gerecht mécht fir eis Kanner.

Fred Keup Mat deem dote System kréie mir Parallelgesellschaften. Kréie mir d'Zersplitterung vun der ëffentlecher Schoul. An da liewe mir ebe just nach laanschteneen.

Pia Oppel Eelef Kanner léieren dëst Schouljoer an der Nelly-Stein-Schoul zu Schëffleng op Franséisch Liesen a Schreiwen. Et ass net deen éischte Versuch fir op dëse Wee ze goen. Schonn an de 70er gouf mat der franséischer Alphabetisatioun experimentéiert. Dovunner hat ech Iech an der zweeter Episod vun dësem Podcast verzielt.

D'Approche ass dës Kéier a ville Punkten eng aner. De Kontext och. A sief et just, datt et deemools nach keng ëffentlech international Schoule gouf, déi den traditionelle Schoulsystem ënner Drock gesat hunn. Mee heescht dat, datt de Projet dës Kéier méi Succès kéint hunn? Ëm déi Fro geet et an dëser Episod.

Mäin Numm ass Pia Oppel. Ech si Journalistin beim radio 100,7. An ech verzielen Iech an dësem Podcast d'Geschicht vun engem schlechte Schüler. Gemengt ass eise Schoulsystem, deen an internationale Vergläicher schlecht ofschneit. Ee Schoulsystem, an deem ëmmer nees probéiert gëtt, datt manner Kanner solle scheiteren.

Schlechte Schüler, ee Podcast vum radio 100,7. Episod 4: En français s'il te plaît.

Fir d'Sarah Scholtes huet alles mat engem Uruff ugefaangen. Am Mäerz 2022, kuerz virun der Ouschtervakanz. De Regionaldirekter vun hirer Schoul ass um Telefon a freet, ob si bereet wier fir am September un engem Pilotprojet deelzehuelen.

Sarah Scholtes Ech war deen éischte Moment, dat wëll ech och net verheemlechen, ganz iwwerrascht, an ech hunn och net direkt jo gesot.

Pia Oppel Dobäi war d'Iddi fir d'Sarah Scholtes net nei. Dräi Joer méi fréi hat d'Enseignante d'Fro selwer opgeworf. Ob een zu Schëffleng net och eng franséisch Alphabetisatioun an der Schoul misst ubidden.

Sarah Scholtes An ech hunn deemools ganz konkret op der Direktioun nogefrot, ob dat eng Méiglechkeet wier, wa mir do e Konzept géifen ausschaffen, datt mir dat géife probéieren. An deemools krut ech awer ee kloren Nee.

Pia Oppel Elo also awer. D'Sarah Scholtes huet zwee Deeg Zäit fir sech ze entscheeden. Dergéint schwätzt, datt si eigentlech scho genuch Projeten huet. Nieft hirem Beruff mécht d'Sarah Scholtes grad ee Studium am Schoulmanagement. En plus weess si net, wéi zäitopwänneg d'Ëmstellung op Franséisch wäert sinn.

Sarah Scholtes Ech schaffen elo 15 Joer, dovunner néng am C2. Do huet ee seng Automatismen, do huet ee seng Routine an et huet een och einfach eng Hellewull u Material. Also meng Schief sti voll mat Material fir op Däitsch ze alphabetiséieren.

Ech hu mir finalement gesot, datt mir schonn esou laang amgaang sinn doriwwer ze schwätzen an ze lamentéieren, datt Däitsch net méi kann déi eenzeg Richtung sinn. An iergendwéi sot ech mir dunn, wa keen et probéiert, da kréie mir och net d'Chance fir Erkenntnisser dorausser ze gewannen.

Pia Oppel D'Sarah Scholtes spréngt an d'kaalt Waasser.

Sarah Scholtes Aujourd'hui nous sommes vendredi 14 octobre. Et demain nous serons samedi 15 octobre.

Dat heescht, op eemol huet et einfach geheescht: sou voilà, d'Mme Scholtes mécht dat. An dat ass elo esou. An natierlech den Impakt op d'Schoul, deen ass grouss. Do si Bedenke gewiescht, do ass och Kritik geäussert ginn.

Pia Oppel Mee d'Sarah Scholtes wierkt net wéi eng Persoun, déi sech an hirem Beruff séier veronséchere léisst. Hir Klass huet si am Grëff. Esou gutt, datt aner Enseignanten heiansdo méi turbulent Kanner fir e puer Stonne an hiren Unterrecht laanscht schécken.

Och de Pilotprojet wëllt d'Sarah Scholtes séier an de Grëff kréien. Virun der Summervakanz geet si zwou ëffentlech international Schoule kucken. Well do gi schonn zanter e puer Joer Kanner op Franséisch alphabetiséiert, déi virdrun och dacks an enger Lëtzebuerger Spillschoul waren. Mat der EIDE zu Déifferdeng entsteet eng Zesummenaarbecht.

Sarah Scholtes Dat war eng vu mengen éischte Froen: Kréie mir do nach Hëllef? Well mir hu jo numol awer déi europäesch an international Schoulen an eisem Land. Wann een esou ee Pilotprojet ufänkt, da muss een op déi Erfarungswäerter kënne setzen. Do ass gekuckt gi regional, wat am nooste läit. An do louch op der Hand, datt mir mat Déifferdeng zesummeschaffen.

Laetitia Maillard Vous l'avez chanté, la chanson d'escargot?

Sarah Scholtes Non.

Laetitia Maillard Ah, alors on a deux chansons d'escargot

Laetitia Maillard a Kanner [sangen] Petit escargot, porte sur son dos ...

Laetita Maillard Je suis Laetitia Maillard. Je suis enseignante de formation et à l'EIDE je suis attachée à la direction et coordinatrice du primaire sur le site de Differdange.

Pia Oppel EIDE [franséisch ausgeschwat] oder EIDE, dat ass d'international Schoul vun Déifferdeng an Esch, déi Dir an der leschter Episod kennegeléiert hutt.

Laetitia Maillard a Kanner [sangen] Trala, trala, tralalalala ...

Laetitia Maillard Ma mission est donc d'accompagner le projet au sens large et en particulier à l'école de Schifflange. Donc là, il y a vraiment un accompagnement pédagogique, c'est à dire que j'ai, on va dire, partagé les documents, les supports, les méthodes que j'utilisais.

Laetitia Maillard Quelqu'un a envie d'être le chef d'orchestre? Qui ne l'a pas encore fait?

Kanner Moi, moi, moi!

Laetitia Maillard Je vais faire Amstragram. Amstramgram, Pic et pic et colégram, amstragram.

Laetitia Maillard Lorsque je suis présente, j'essaie de prendre la classe parce que je me dis c'est un apport au niveau de la langue, de la culture. C'est quand même ma langue maternelle, c'est ma culture. Donc j'apporte aussi beaucoup de bagage culturel, les histoires, les comptines, les chants, et cetera. C'est beaucoup plus facile pour moi, évidemment, et c'est aussi ça que je veux partager avec Sarah, parce qu'elle est pédagogue. Elle est enseignante. Donc les méthodes d'enseignement, je dirais qu'elles sont indépendantes de la langue. Après, les supports sont différents, évidemment, et la langue dans laquelle on s'exprime est différente.

Et on dit un grand merci à Sarah pour la préparation des cahiers.

Kanner Merci!

Sarah Scholtes Et ass gär geschitt.

Um Ufank huet mech dat immens rassuréiert och wann hatt do war dee Moment. Et ass genee dat, wat mir elo fir den Ufank gebraucht hunn. Iergendwann hannen eraus, denken ech, datt een dat manner wäert brauchen, mee am Moment, deen Austausch ass immens hëllefräich.

Pia Oppel D'Sarah Scholtes huet zwou Fuerderunge gestallt fir beim Projet matzemaachen. D'Hëllefstellung vu baussen ass dat eent. Dat anert ass ...

Sarah Scholtes ... datt ech mäin Team am Fong awer wéilt matbestëmmen. Well ech der Meenung sinn, datt esou ee Pilotprojet nëmme ka funktionéieren, wann een anstännegt Team ronderëm dee Projet schafft.

Pia Oppel Dat schéngt eng banal Fuerderung. Ass et am Lëtzebuerger Schoulsystem awer net. Ech maachen hei eng kuerz Klammer op. D'Fro ëm déi et hei am Kär geet, ass: Wien decidéiert, wéi een Enseignant a wéi enger Schoul, wéi eng Klass a wéi eng Fächer iwwerhëlt? Déi kuerz Äntwert dorobber ass: D'Enseignantë selwer. Jee no Gemeng gëlle liicht aner Reegelen, mee de Prinzip bleift ëmmer dee selwechten. Wie méi laang am Beruff ass, dierf als éischt wielen.

Sarah Scholtes Dat Stühlerücken am Fong, dat ass schwiereg. Well dat suergt ëmmer schonn, et gëtt gewielt am Mee, Juni, a sou ab dem zweeten Trimester mierkt ee schonn, datt verschidde Leit wibbeleg an hibbeleg ginn, well si ëm hir Plaz an der Ekipp fäerten. Fir mech wier et einfach wichteg, datt Leit, déi gutt a motivéiert zesummeschaffen, dat och weider kënne maachen. Well ee sech jo awer eppes opbaut.

Pia Oppel Een anere Risiko ass, datt Enseignantë mat der mannster Beruffserfarung duerch dëse System op de schwieregste Poste landen.

Sarah Scholtes Mee och dat hu mir hei mengen ech alles scho matgemaach. An ech fannen, dat muss ee sech awer ëmmer eng Kéier iwwerleeën, fir wien een eigentlech schafft. A mir solle jo am Fong am Sënn vun de Kanner schaffen. Dat geet bei Klassewiel un, dat geet weider bei Stonneplang. Ech mengen, mir halen nach ëmmer an de meeschte Schoulen am Land un eiser Anciennetéit fest. An ech mengen, datt dat einfach net méi zäitgeméiss ass. An datt do am Sënn vun den Ekippen an am Sënn vun de Schoulen eng Ännerung misst kommen.

Pia Oppel Zu Schëffleng huet elo de Regionaldirekter dat lescht Wuert, wien um Pilotprojet matschafft. Motivatioun a Kompetenze vun den Enseignantë sinn dobäi entscheedend, net d'Anciennetéit. Eng vun den hellege Kéi, déi d'Enseignantsgewerkschaften am Schoulsystem verdeedegen, ass hei also einfach mol geschluecht ginn.

Zeréck an de Franséisch-Cours, wou d'Kanner grad an hiren neien Hefter nom Buschtaf A sichen.

Pia Oppel Wat ass d'Bedeitung elo vun deem, wat haut ufänkt?

Sarah Scholtes Et ass deen alleréischte Laut, dee si esou léieren. Dat heescht, mir hunn am Fong d'Viraarbecht gemaach déi lescht Wochen, phonologescht Bewosstheet. Bëssen einfach gekuckt, wat ass ee Wuert ee Buschstaf, haut éischte Laut, den A.

Pia Oppel Dat ass jo een historesche Moment?

Sarah Scholtes Gell? Am Fong schonn. [laacht]

Laetitia Maillard Tu marques l'histoire? J'ai dit aux enfants qu'ils étaient les stars du Luxembourg. C'est la preuve que c'est possible. Parce que nous on a le même public que Schifflange, c'est pas forcément des enfants français, tu vois. Donc c'est la preuve que ça peut fonctionner et que notre méthode peut être utilisée dans d'autres écoles.

Pia Oppel Och zu Schëffleng ass déi franséisch Alphabetisatioun net fir Kanner reservéiert, déi scho perfekt Franséisch schwätzen. Effektiv si just zwee Kanner am Pilotprojet vun doheem aus frankophon. Eng Schülerin schwätzt Arabesch. An aacht Schülerinnen a Schüler si lusophon. Hir Eltere kommen aus Portugal, Brasilien an dem Cap Vert. Déi meescht kënnen nach net ganz vill Franséisch. Dat ass mir eng éischte Kéier opgefall, wéi ech mat zwee Schüler, dem Samuel an dem Santiago, iwwer Fussball geschwat hunn.

Pia Oppel Du, spills du och Fussball Samuel?

Samuel Jo, ech sinn an ee Club.

Pia Oppel A wat maacht Dir do?

Samuel Ech kann Dir dat just op Franséisch soen. On apprend à jouer au foot.

Santiago Wat hien huet gesot?

Pia Oppel Wat huet hie gesot? So nach eng Kéier.

Samuel On apprend à jouer au foot, weess de?

Pia Oppel On apprend à jouer au foot. Mir léiere Fussball spillen.

Santiago Ech hu scho geléiert!

Pia Oppel De Santiago léisst sech net gär soen, hie misst nach léiere Fussball spillen. Mee wann d'Sarah Scholtes hie freet, fir op Franséisch ze zielen, ass hie sech senger Saach manner sécher.

Sarah Scholtes Allez, nous comptons ensemble. Viens près de moi. Komm hei bei mech. Ceux qui portent une casquette.

Santiago Eent, zwee.

Sarah Scholtes En français s'il te plaît

Santiago Un, deux, trois, quatre, cinq.

Pia Oppel De Choix, wéi eng Kanner beim Pilotprojet kéinte matmaachen, huet d'Schoul gemaach. Net all d'Famille kruten eng Participatioun offréiert. Obwuel wéineg Kanner zu Schëffleng doheem Lëtzebuergesch oder Däitsch schwätzen. De Regionaldirekter an d'Léierpersonal aus der Spillschoul hunn d'Sproochkompetenzen an dat sproochlecht Ëmfeld vun all Kand gekuckt. A wéi d'Sarah Scholtes erkläert, war dobäi eng Fro zum Beispill ...

Sarah Scholtes ... wéi ass d'Langue d'intégration vun den Elteren. Ass dat Franséisch? Kënnen déi Elteren eventuell méi mat deem Franséischen ufänken an hir Kanner a hiren Etüden einfach méi ënnerstëtzen?

Pia Oppel D'Sarah Scholtes huet op alle Fall den Androck, datt de Choix vum Franséische fir déi eelef Kanner an hirer Klass dee richtegen ass.

Sarah Scholtes Et ass nach ze fréi fir e Fazit ze zéien. Wann ech elo no deene puer Woche kucken, muss ech soen, datt ech am Fong vill méi Franséisch an der Klass schwätzen, wéi ech virdrun Däitsch an der Klass geschwat hunn, well awer de Gros vun de Kanner schonn immens vill versteet.

Pia Oppel An der Nelly-Stein-Schoul gëtt et zwee éischt Schouljoren. Just eent gëtt op Franséisch alphabetiséiert.

Julio Si maache ganz vill Däitsch a bësse Franséisch. A mir, mir maache vill Franséisch a bëssen Däitsch.

Pia Oppel Fënns du dat flott?

Julio Euhm ... Jo.

Pia Oppel An de Julio fënnt, et géif nach een aneren Ënnerscheed tëschent den zwou Klassen ginn.

Julio Mir schaffen, gell? A si maachen näischt.

Pia Oppel Dobäi weess den Julio ganz genee, datt d'Kanner aus der Parallelklass meeschtens dat selwecht maache wéi hien. D'Kanner aus den zwou Klasse ginn nämlech an den Niewefächer gemëscht. Esou soll verhënnert ginn, datt eng komplett Trennung vun den zwou Sproochfilièren entsteet. D'Unterrechtssprooch ass an deene gemeinsame Fächer Lëtzebuergesch. Och am Coding, wou d'Kanner mat Lego-Steng solle léiere strategesch denken.

Sarah Scholtes Si hu lo ganz zum Schluss nach dat gemaach, wat ech iech gewisen hat. Wou ech gesot hunn, e geet nach méi héich. Wann dir einfach een ëmdréit. An dir hätt iech souguer kënnen trauen, nach een ëmzedréien

Jo, ech denken, datt mer effektiv zumindest offiziell méi Lëtzebuergesch schwätzen, wéi dat virdrun de Fall war. An et mierkt een awer, elo déi éischt Wochen, fannen ech et immens flott, wann de Grupp gemëscht ass, datt si sech verzielen, wat si erliewen. An dann hu mir déi gemeinsam Sprooch.

Pia Oppel Eng aner Approche also wéi nach an de 70er bei der Edith Jacobs an der Karin Elsen. Dir erënnert Iech vläicht nach un dës Ausso aus der zweeter Episod.

Edith Jacobs Wat fir mech dat Nodeel war, si hu kee Lëtzebuergesch geléiert, dat war fir mech deen negativen Aspekt.

Pia Oppel Mee eng Fro schéngt mir bis haut fir Konfusioun ze suergen. An de 70er sollten d'Kanner aus de franséische Klassen am véierte Schouljoer zeréck an den normale System wiesselen. Wat net geklappt huet.

Othon Neuens Fir d'Franséisch war et gutt, mee fir eng Integratioun duerno an eng normal Klass ze kréien. Do ass hiert Däitscht net duergaangen.

Pia Oppel An och haut bleift dat ee sensibele Punkt: Wéi een Niveau mussen d'Kanner aus der franséischer Filière um Enn vun der Grondschoul am Däitschen erreechen? Eng Sprooch, déi si vum éischte Schouljoer u begéinen. An um Enn vun der Grondschoul gutt genuch wäerte kënnen, fir duerno am Lycée Uschloss ze fannen, seet den Educatiounsministère.

Sarah Scholtes Nein, noch einmal. Den ganzen Satz. Ich ...

Kanner [am Chouer] ... heissen.

Sarah Scholtes Fir de 4.2 solle si op deem selwechten Niveau sinn. Ob et herno esou ass, dat ass ze kucken. Et ass awer och d'Fro: si si dat den Ament, wéi mir de System elo hunn?

Pia Oppel Op wat d'Sarah Scholtes hei uspillt ass: Am aktuelle System geet een dervun aus, datt d'Kanner um Enn vun der Grondschoul besser Kompetenzen am Däitschen erreeche wéi am Franséischen. Elo gëtt déi Hierarchie ëmgedréit. Mee wéi grouss dierf den Ecart tëschent den zwou Sprooche sinn, fir datt duerno am Lycée keng Problemer entstinn?

Sarah Scholtes Dofir, dat ass eng vun de Froen, déi an Zukunft ze klären ass.

Marcio Wat mir mat menger Fra diskutéiert hunn, a wat fir mech bis haut nach ëmmer ee Knackpunkt ass, datt mir net wierklech wëssen: Wat kënnt duerno?

Pia Oppel Dat ass de Marcio. Hien ass de Papp vum Samuel, deem mir virdru kuerz begéint sinn, wéi hie vu sengem Fussballclub verzielt huet. De Marcio ass zu Lëtzebuerg gebuer, seng Eltere kommen aus Portugal. Hien huet Eco studéiert a schafft op enger Bank. Hie selwer war ee ganz gudde Schüler. Bis hien an de Lycée komm ass.

Marcio Ech mengen, datt ech nëmmen ee Joer hat, wou ech net hu missen Däitsch kompenséieren oder Noexame schreiwen. Et war wierklech penalisant. Soubal mir dann an de leschte Joren dat alles op Franséisch basculéiert hunn, do hat ech da rëm éischter bombastesch Punkten.

Pia Oppel Dem Marcio seng Fra kënnt aus der Belsch. Doheem schwätze béid Eltere mat hiren dräi Kanner Franséisch. A wéi d'Schoul proposéiert huet, datt de Samuel kéint op Franséisch Liesen a Schreiwe léieren, ass de Marcio begeeschtert

Marcio Well ech selwer [laacht] scho säit Jore soen, datt mir de System adaptéiere mussen op d'Realitéit vun den Awunner zu Lëtzebuerg.

Pia Oppel Trotzdeem brauchen hien a seng Fra zwou Woche fir d'Decisioun ze huelen. A bis haut bleiwe Bedenken. De Marcio fäert, datt de Samuel um Enn vun der Grondschoul net gutt genuch Däitsch kann. An dann am Lycée op nach méi grouss Schwieregkeete stéisst wéi hie selwer deemools.

Marcio Wéi ee Lycée garantéiert d'Continuitéit vun där heiter Approche? Datt d'Kanner duerno op Septième wiele kënnen, OK, ech wëll elo weider meng Niewefächer op Franséisch hunn. A souwäit ech dat verstinn, aktuell ass d'Offer nach net ganz plethoresch.

Pia Oppel De Samuel ass, grad wéi säi Papp et scho war, ee staarke Schüler. An de Marcio geet dovunner aus, datt de Samuel spéider an ee Lycée Classique wäert goen. Fir d'Nelly-Stein-Schoul ass dat éischter d'Ausnam wéi d'Reegel. Zejoert sinn hei just 16 Prozent vun de Schülerinnen a Schüler an de Classique orientéiert ginn. Dat ass Mol net d'Hallschent vun der nationaler Moyenne. All véiert Kand dat zejoert aus der Nelly-Stein-Schoul an de Secondaire gewiesselt ass, koum an de Preparatoire.

Pia Oppel Wat ass fir Iech e Succès vum Projet?

Sarah Scholtes Also ech mengen Zil vun engem Cycle 2 ass, datt d'Kanner alphabetiséiert do eraus ginn. Dat hu mir op Däitsch hikritt. Ech mengen, datt mir dat och op Franséisch wäerten hikréien. Dat ass ganz kloer mol een Deel vum Succès.

Pia Oppel D'Sarah Scholtes ass iwwerzeegt, datt sech doduerch d'Motivatioun an d'Schoulleeschtunge vun de Kanner kënne verbesseren. Wat dann duerno och bei der Orientatioun an de Secondaire kéint een Ënnerscheed maachen. Ee Succès vum Projet wier et also och ...

Sarah Scholtes ... datt mir einfach manner Kanner an d'Voie préparatoire kréie wéinst deem Sproochenhannergrond.

Mir mussen eis bewosst sinn, deen hei Projet wäert keng Wonner bewierken. Et ass keen Allheelmëttel. Ech mengen awer, datt mir Kanner eng Hürd kënnen ewechhuelen. Ee Steen aus dem Wee raumen.

Pia Oppel Wéi soll et weidergoen?

Sarah Scholtes Ech hoffen, datt et weidergeet, an datt dee Projet komm ass fir ze bleiwen. Well ech mengen, datt et a Punkte Chancen de Lëtzebuerger Schoulsystem einfach méi gerecht mécht fir eis Kanner. Ech sinn nach ëmmer iwwerzeegt, datt et muss déi zwee Weeër ginn, datt d'Leit mussen d'Méiglechkeet kréien, wéi hir Kanner alphabetiséiert ginn. Mee jo, ech hoffen, datt et net bei deene véier Schoule bleift. Ech hoffen einfach, datt mir do vill méi wäit kënne goen. Mee dat läit lo net nëmmen an eiser Hand. Ech mengen, dat muss vun uewe kommen.

Pia Oppel Dräi aner Schoule maache beim Projet mat: zu Uewerkuer, Diddeleng an an der Fiels geet et fir d'éischt Schouljoren déi nächst Rentrée lass. An zu Schëffleng gëtt de Pilotprojet da schonn op een zweete Joergank erweidert. Et bleift awer ee Pilotprojet, deen een och nees ka stoppen. Wéi et weidergeet, hänkt vu politeschen Decisiounen of.

1983 gouf et an der Chamber schonn emol eng grouss Debatt iwwer d'Inegalitéiten an d'Sproochen an der Schoul. Och dovunner hat ech an der zweeter Episod verzielt. Rapportrice war d'CSV-Deputéiert Erna Hennicot. Hei liest si ee Passage aus hirer Ried vun deemools vir.

Erna Hennicot Même si à première vue et sur un plan purement scolaire, cette solution semble présenter des avantages indéniables au profit des enfants étrangers. A y voir plus près, elle recèle de nombreux désavantages du point de vue de l'organisation scolaire et surtout du point de vue du brassage social. La création d'une filière francophone dès la premiére scolarisation aurait rapidement comme conséquence la naissance de deux écoles.

Pia Oppel Déi franséisch Alphabetisatioun war deemools fir déi meescht Parteie gläich bedeitend mat enger Ghettoiséierung. Mee net jiddwereen huet dat deemools esou gesinn. De Generalinspekter fir d'Primärschoulen huet deem entgéint gehalen: Besser zwou Filièren am Primär an doduerch méi Opstiigschancë fir all d'Kanner, also manner sozial Segregatioun duerno am Lycée.

D'Laetita Maillard, d'Enseignante aus der EIDE, déi de Projet zu Schëffleng begleet, argumentéiert haut ganz änlech.

Laetitia Maillard Je pense qu'il est bien pire de faire des ghettos d'échec scolaire que des ghettos entre guillemets francophones.

Pia Oppel 1983 huet dat Argument kaum een iwwerzeegt. Haut ass dat anescht. Gréisstendeels.

Martine Hansen Hei ass Hansen.

Francine Closener Closener.

Gilles Baum Gilles Baum, gudde Moien.

Myriam Cecchetti Jo, hallo, Cecchetti.

Josée Lorsché Jo, Bonjour, hei ass d'Josée Lorsché.

Sven Clement Sven Clement, gudde Mëtten.

Fred Keup Allô, hei ass Keup, gudde Moien.

Pia Oppel Moien, also wéi mir beschwat hunn, wollt ech mat Iech iwwer d'franséisch Alphabetiséierung schwätzen.

Pia Oppel D'ADR ass haut déi eenzeg Partei an der Chamber, déi grondsätzlech géint eng Alphabetisatioun op Franséisch ass. D'Argument vum Fred Keup ass dat selwecht, dat mir och schonn aus den 80er Jore kennen.

Fred Keup Gesellschaftlech ass dat eng Katastroph fir eist Land. Grad hei zu Lëtzebuerg, wou mir jo iergendwéi mussen zesummenhalen a mat deem dote System kréie mir Parallelgesellschaften, kréie mir d'Zersplitterung vun der ëffentlecher Schoul an da liewe mir ebe just nach laanschteneen.

Pia Oppel All déi aner Parteie begréissen de Pilotprojet. Si mengen, datt et ka geléngen d'Kanner am Alldag zesummenzeféieren. D'Lëtzebuergescht als Integratiounssprooch gesäit hei keen a Gefor. An et gëtt ee breede Konsens, datt eppes muss geschéien, fir de Schoulsystem méi gerecht ze maachen. Sollen also méi Kanner de Choix hunn, ob si op Däitsch oder Franséisch Liesen a Schreiwen ze léieren? déi Lénk fanne jo. All déi aner wëlle sech nach net festleeën. Ëmmerhi wier jo net kloer, wat dëse Projet genee bréngt.

Gilles Baum Ech mengen och, datt mir elo mol wierklech sollte kucken, wat dat dote gëtt, wat dat bréngt.

Pia Oppel Seet de Gilles Baum vun der DP. De Sven Clement vun de Pirate mengt ...

Sven Clement ... ech géif awer am Kader vun evidenz-baséierter Politik mir wënschen, datt mir dat evaluéieren. An dann dorauser och déi richteg Schlëss zéien.

Pia Oppel Dat selwecht seet d'Francine Closener vun der LSAP.

Francine Closener A wann dat gutt funktionéiert, firwat soll een et net generaliséieren. Ech hunn do guer keen Theema. Wa genuch Enseignantë bereet sinn, fir dat ze maachen. Wa mir genuch Enseignanten hunn.

Pia Oppel An d'Martine Hansen vun der CSV formuléiert et esou.

Martine Hansen Mir musse jo kucken, déi Chancëgerechtegkeet hinzekréien, well mär si jo do méi schlecht wéi alleguer déi aner Länner. A wann dat eppes bréngt, datt en déi do Kanner dann zousätzlech besser Chancen hunn, fir an hirem Liewen dee Beruff kënnen ze erléieren, dee si gäre wëllen, mee da solle mir et och maachen.

Pia Oppel Eng wëssenschaftlech Evaluatioun vum Projet ass geplangt. D'Uni Lëtzebuerg soll am Fréijoer 2024 en éischte Rapport publizéieren. Duerno sinn all zwee Joer weider Rapporte geplangt. Op d'Wëssenschaften ze lauschteren, ass natierlech raisonnabel. Manner raisonnabel ass et vläicht, datt mir bal 50 Joer gebraucht hunn, fir der Wëssenschaft d'Fro op déi heite Manéier ze stellen.

An et geet hei och net just ëm Wëssenschaftlechkeet.

Josée Lorsché Et ass eng Viirsiicht, déi walte gelooss gëtt, fir d'Gesellschaft net ze splécken. Fir méiglechst vill Leit am Boot ze behalen an där Diskussioun do.

Pia Oppel An anere Wierder: Kee kann den Ament aschätzen, wéi ëmstridden déi franséisch Alphabetisatioun bei de Wielerinnen a Wieler ass. Also ass d'Politik léiwer Mol viirsiichteg. A wa "méiglechst vill Leit" sollen averstane sinn, wéi déi gréng Deputéiert Josée Lorsché et formuléiert. Da sinn och déi gefrot, déi vum Problem a priori net concernéiert sinn. Ee Bléck an de Bildungsbericht weist, datt een déi Leit a grousser Zuel an den deiere Gemenge ronderëm d'Stad Lëtzebuerg fënnt. A mäi Kolleeg Pierre Reyland hëlt Iech an der nächster Episod mat an esou eng Speckgürtelgemeng.

Schlechte Schüler, ee Podcast vum radio 100,7. Recherche a Redaktioun: Pia Oppel a Pierre Reyland. Mat der Ënnerstëtzung vum Tessy Troes, Jean-Claude Franck, Rick Mertens, Chris Zeien a Semir Demic. Toun a musikalesch Arrangementer: Chris Simon. Coordinatioun: Yves Stephany.

Eis Titel-Musek, de "Gassenhauer" aus dem Orff-Schulwerk ass ënner der Leedung vum Laurent Warnier vu Schülerinnen a Schüler am Stater Conservatoire opgeholl ginn. Merci dem Joé Alff, Constantin Barbu Ravoux, Michael Calnan, Felix Dunkel, Laurie Krier, Ina Molakava, Lola Schleicher, Julian Seredynski, Youqian Lulu Pang, Louis Thill an Eloïse Twimumu.