Radioen

On air

Soundcheck  |  Bonnie "Prince Billy" live zu Dublin

play_arrow Live
search

/ Schoul bei Nantes: Schüler blesséiert Klassekomerod mat Messer déidlech

Frankräich

Schoul bei Nantes: Schüler blesséiert Klassekomerod mat Messer déidlech

Bei enger Messerattack an enger Schoul zu Nantes koum haut um Donneschdegmëtteg ee Schüler ëm d’Liewen an 3 weiderer goufe blesséiert. Dat ass geschitt, wéi ee Lycéesschüler 4 vu senge Klassekomerode mat engem Messer attackéiert huet, wéi déi franséisch Police matdeelt.

auto_stories

1 min

Police Frankräich  | © picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth
Police Frankräich (Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth)

Detailer iwwer d’Affer sinn nach keng bekannt. De presuméierten Täter konnt vum Léierpersonal gestoppt a festgehale ginn. D’Enquête sinn amgaangen. Éischten Informatiounen no handelt et sech ëm een Eenzeltäter.