Am Europaparlament gëtt haut um Dënschdeg an iwwermuer iwwer méiglech Ännerunge vum Schutzstatus vum Wollef ofgestëmmt.
Am Dezember zejoert hat déi fir den Arteschutz zoustänneg Kommissioun vun der Berner Konventioun d’Propose vun der Europäescher Kommissioun, fir de Schutz-Status vum Wollef erofzesetzen, ugeholl. Des Ännerung ass de 7. Mäerz a Kraaft getrueden.
EU-Länner hu scho Jo gesot
Dee nämmlechten Dag huet d’Kommissioun virgeschloen, d’Habitat-Direktiv ze änneren an de Schutzstatus vum Wollef vu "streng geschützt" op "geschützt" erofzesetzen. D’Memberstaaten hu scho vrun dräi Wochen “Jo” zu där Propos gesot. Lëtzebuerg war och dofir, dat nodeems déi schwaarz-blo Regierung hir Positioun par Rapport zu där Regierung virdru geännert hat.
Et gëtt erwaart, datt d'Europaparlament haut um Dënschdeg säi prinzipiellen Accord gëtt, fir d'Direktiv ze änneren. Muer um Mëttwoch an en Donneschdeg gëtt dann iwwer méiglech Ännerungen an der Direktiv ofgestëmmt.
Naturschutzorganisatioune fäerten, datt hei ee Precedent geschafe gëtt, an datt de Schutzstatus vun aneren Aarten a Gefor ass. Si hunn och drop opmierksam gemaach, datt et fir d’Erofsetze vum Status vum Wollef keng wëssenschaftlech Justifikatioun gëtt.
Lëtzebuerger EU-Deputéierten: Dräi dofir, zwee dergéint
Ënner de Lëtzebuerger Europadeputéierte ginn d'Meenungen eisen Informatiounen no auserneen.
De Charles Goerens vun der DP, d'Isabel Wiseler vun der CSV an de Fernand Kartheiser vun der ADR sinn dofir, de Schutzstatus vum Wollef erofzesetzen. Si suivéieren domat allen dräi d’Linne vun hire jeeweilegen Fraktiounen.
D’Habitat-Direktiv géif aus de 1990er Jore stamen, zu enger Zäit, an där de Wollef um Ausstierwe war, wat awer elo net méi de Fall ass, erkläert d’Isabel Wiseler hir Positioun.
Iwwerdeems stëmmen d'Tilly Metz vun deene Gréngen an de Marc Angel dogéint. Dee Réckschrëtt am Arteschutz wier weder néideg nach gerechtfertegt, sou d’Tilly Metz. Well och ënnert dem aktuelle Schutzstatus géif et Méiglechkeeten anzegräifen, an Déieren, déi landwirtschaftlech gehale ginn, ze schützen oder d’Sécherheet vun de Leit ze garantéieren.
“Et gëtt keng wëssenschaftlech Basis oder Datë fir d’Decisioun, de Schutz vum Wollef erofzesetzen, ze fundéieren”, esou dem Radio 100,7 géintiwwer de Marc Angel, “et ass eng reng politesch Decisioun, déi ech esou net ënnerstëtze kann.”
D’Martine Kemp vun der CSV ass des Woch net fir d’Plenière zu Stroossbuerg present a wäert deemno net mat ofstëmmen.