Radioen

On air

Notturno  |  Loudon Wainwright III - Lullaby

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Slowakesche Premier Robert Fico ugeschoss an a Liewensgefor

Slowakei

Slowakesche Premier Robert Fico ugeschoss an a Liewensgefor

De slowakesche Premier Robert Fico ass mëttlerweil am Spidol. Fir de Moment wier hien "tëscht Liewen an Doud", sou heescht et vum slowakesche Staat. Hien war virun engem Kulturzentrum zu Handlova, an dem e Regierungsmeeting gehale gouf, wou op hie geschoss gouf.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk
Robert Fico (Foto: archiv)

Eng Partie Schëss hätt een héieren, esou lokal Journalisten op der Plaz. De präsuméierten Täter konnt vun der Police festgeholl ginn. D‘EU Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet d‘Attack op de Slowakesche Premier als „ignoble“ bezeechent. 

De Robert Fico gëllt allgemeng als prorussesch.