40 Milliarden Euro wëllt d'Regierung d'nächst Joer beim Budget aspueren. Just: Wou a wéi soll dat gemaach ginn?
Wann et dem François Bayrou no geet, soll dat franséischt Vollek doriwwer per Referendum entscheeden. Dat hat de Premier am Journal du Dimanche proposéiert. Hien géing ee konkrete Plang ausschaffen, iwwer deen da géing entscheet ginn.
"Eng absurd Iddi"
Eng Iddi, déi bei der Oppositioun net op vill Support gestouss ass. De Kommunistechef Eric Coquerel sot, an enger parlamentarescher Demokratie wier et um Parlament iwwer de Budget ofzestëmmen. Och de Chef vun der Lénkspartei La France Insoumise, de Manuel Bompard, sot LCI géigeniwwer, et wier eng absurd Iddi. De Bayrou kéint amplaz jo mol d'Parlament iwwer de Budget entscheede loossen.
Bei de Sozialiste goufen et e puer Stëmmen, déi sech dëser Propos géigeniwwer oppe gewisen hunn. De Sozialistechef Olivier Faure sot gëschter um Sonndegowend awer op BFMTV, esou e Referendum wier schwéier virstellbar. De Budget wier vill ze komplex fir esou eng einfach Froestellung. Och sollt een d'Vollek fir d’éischt mol iwwer d'Pensiounsreform ofstëmme loossen.
Och déi Konservativ hunn d'Iddi kritiséiert an dem Bayrou virgehäit op Zäit ze spillen. Ob et zu engem Referendum kënnt, muss um Enn souwisou de President entscheeden. Dem Elysée no ass dës Iddi zu dësem Zäitpunkt awer net méi wéi just eng Hypothees.