Radioen

On air

Notturno  |  Macie Stewart - Maya, Please

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Special Purpose Vehicle“: Initiativ vu Banke wëllt Bauprojete méi séier op de Marché bréngen

Logement

"Special Purpose Vehicle“: Initiativ vu Banke wëllt Bauprojete méi séier op de Marché bréngen

Eng nei Société Anonyme soll de Wunnengsmarché redynamiséieren. Déi Initiativ huet d’Bankenassociatioun ABBL 3 Méint nom Logementsdësch, zesumme mam Finanzminister Gilles Roth, virgestallt. D'Initiativ wëllt Bauprojeten opkafen a méi séier op de Marché bréngen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

De "Special Purpose Vehicle", kuerz SPV, wier keng legislativ Moossnam, mee eng Initiativ vun de Lëtzebuerger Banken an der ABBL, betount de Finanzminister Gilles Roth. Esou géif net just vu Säite vun der Regierung, mee och vun de Banken een Effort gemaach ginn.

1.300 Wunnenge bis Enn dës Joers opkafen

Konkret besteet de sougenannten SPV aus den Aktionäre Spuerkeess, BIL, Raiffeisen an SNCI, woubäi d’Spuerkeess mat 48 Prozent den Haaptaktionär ass. Mat enger Enveloppe vun am Ganzen 250 Milliounen Euro soll dës Gesellschaft nach dëst Joer bis zu 1.300 Wunnengen, déi den Ament nach en Attente sinn, opkafen an erëm op de Marché brénge kënnen.

Op déi Manéier géifen Immobilien, bei deenen d’Promoteuren nach Schwieregkeeten hu si ze verkafen, méi séier weidergeféiert a vermaart ginn. Esou soll d’Offer séier erweidert ginn.

En temporär Mesure

Et wier eng temporär a kuerzfristeg Mesure, fir d’Logementssituatioun ze deblockéieren, betount d’Generaldirektesch vun der Spuerkeess Françoise Thoma. Den SPV wier och keen neien Acteur um Maart, dee Konkurrenz mécht. Esoubal den SPV säin Zil erreecht hätt, géif een de Projet erëm zeréckzéien.

An enger éischter Phas soll elo de Marché sondéiert a mat Promoteure Kontakt opgeholl ginn, déi am Besëtz vun entspriechende Projete sinn.

Net egal wéi ee Präis an egal wéi eng Gréisst

Hei géif et awer eng Rei Reegele ginn, erkläert nach d’Françoise Thoma. Si géifen net egal wéi ee Präis bezuelen, mee deen, deen de verschiddene Regiounen entsprécht. Och géife just Immobilie mat enger raisonnabeler Gréisst opkaaft ginn. Dat wäert vun engem professionelle Comité d’investissement geréiert ginn.

Nieft de Grënner-Banke vum SPV wieren och weider Banken invitéiert fir sech un dësem Projet ze bedeelegen, huet et nach vun der Spuerkeess, BIL, Raiffeisen an SNCI geheescht.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft