Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Stroumreseau wier resilient

No grousser Stroumpann a Spuenien a Portugal

Lëtzebuerger Stroumreseau wier resilient

Zu Lëtzebuerg kéint sou eng riseg Stroumpann, wéi rezent a Spuenien an a Portugal net zu 100 Prozent ausgeschloss ginn, mee Lëtzebuerg wier awer an den Top-Länner, wat d‘Effizienz vum Reseau ugeet. Dat sot de Wirtschaftsminister Lex Delles um Dënschdegmëtteg an der Chamber, nodeems eng Rei Deputéiert an der Froestonn wollte wëssen, ob esou eppes och hei am Land kéint geschéien.

auto_stories

2 min

Vue op d'Stad Granada wärend der Stroumpann den 28.04.2025 | © picture alliance / NurPhoto | Fermin Rodriguez
Vue op d'Stad Granada wärend der Stroumpann den 28.04.2025 (Foto: picture alliance / NurPhoto | Fermin Rodriguez)

Ausserdeem géif de Reseau an d‘Reservekapazitéiten permanent ausgebaut ginn. Fir de Fall vun sou engem Blackout wier Lëtzebuerg och gutt preparéiert. 

An esou engem Noutfall géif direkt den Haut Commissariat à la Protection national (HCPN) aktiv ginn a zesumme mam CGDIS an der Police agéieren. Et géife spezifesch Pläng fir den Urgencëfall ginn, wat zum Beispill d’Ëmschalte bei der Creos ubelaangt, erkläert de Lex Delles.

“Also am Kader vun där Krisecellule gëtt sech direkt där Saach do ugeholl, fir do kënne souwuel Kommunikatioun ze maachen, d'Ëmschaltungen ze maachen, d'Reservëcapacitéiten eropzefueren. An dann ass awer och een Avantage, dee mir hunn, dat ass eeben hei zu Lëtzebuerg d'Kooperatioun mat eisen Nopeschlänner, mam däitsche Reseau notamment."

Spuenesch Justiz lancéiert Enquête

De spuenesche Premier Pedro Sanchez huet ugekënnegt, datt eng Enquête-Kommissioun aberuff gëtt, fir d‘Ursaachen erausfannen.

A Spuenien an a Portugal huet sech d‘Stroumversuergung no der Pann um Méindeg nees normaliséiert. Sämtlech Stéit hunn zënter haut, Dënschdegmoien, nees Stroum, Internet, Telefon an och d‘Verkéiersluuchte funktionéieren nees normal.

Dat selwecht gëllt fir den Zuch an de Metrosverkéier. Dem spuenesche Stroumversuerger Red Electrica no sinn 99,95 Prozent vun den Uschlëss nees retabléiert. Wärend der Pann ware keng gréisser Tëschefäll gemellt ginn.

Gesicht gëtt allerdéngs ëmmer nach no den Ursaache vun der Pann. Zu Lissabon an zu Madrid goufen dowéinst Krisesëtzungen aberuff. Gewosst ass bis elo just dat bannent 15 Sekonnen ee risege Volume u Stroum ass dem Reseau verschwonnen ass. De Stroumversuerger schléisst eng Cyberattack aus.