Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
search

/ Stad Lëtzebuerg confirméiert: Keen Tram iwwer d‘Porte Neuve bis 2035

Mobilitéit

Stad Lëtzebuerg confirméiert: Keen Tram iwwer d‘Porte Neuve bis 2035

Bis 2035 wäert keen Tram duerch d’Neipuertsgaass fueren. Dat hunn d’Mobilitéitsministerin an déi Stater Buergermeeschterin op enger Pressekonferenz zesumme mat Luxtram confirméiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Tram | © picture alliance / Harald Tittel / dpa play_arrow
Foto: picture alliance / Harald Tittel / dpa

Déi prioritär nei Deeler vum Tramsreseau kéinte gebaut ginn, ouni datt den Tram op den 350 Meter duerch d’Neipuertsgaass fiert, esou d’Ministerin Yuriko Backes.

"Mir hunn d’Areler Strooss, déi wichteg ass fir deen Ausbau unzefänken. A wéi gesot eng parallel Nord-Süd-Achs. Mir brauchen déi nächst zéng Joer laut den Informatioune vu Luxtram, d’Neipuertsgaass net.

Se wier awer "net am Tirang vergiess", ënnersträicht d'Yuriko Backes. Et géif een dru schaffen, dat sou ze gestalten, datt et prett ass, wann et gebraucht gëtt.

Impakt op de Park

Luxtram no, wier d’Deelstéck duerch d’Neipuertsgaass technesch machbar gewiescht, mee et hätt en Impakt op de Park gehat.

Fir d’Stad Lëtzebuerg wier et net a Fro komm, do al Beem wech ze maachen, esou d’DP-Buergermeeschterin Lydie Polfer,

"Wann also eng Kéier no 2035, wann eben de Besoin wier, fir awer eng méi reduzéiert Féierung ze maachen, da muss dee Moment gekuckt ginn, wat eben awer soss nach vu Mobilitéit gebraucht gëtt."

Taktfrequenz vu 6 bis 8 Minutte baussent dem Zentrum

Der Lydie Polfer no, géif et dorëm goen, den Hyperzentrum accessibel ze halen, fir den Individualverkéier a fir d’Bussen, mat deenen all Dag 200.000 Leit géife fueren.

Mat alle geplangten Erweiderunge sollen 2035 pro Dag 200.000 Leit mam Tram kënne fueren. D’Taktfrequenz soll da bei 3 bis 4 Minutten am Zentrum vun der Stad leien, a bei 6 bis 8 Minutte baussent dem Zentrum.

Déi Responsabel vu Luxtram hunn nach ugekënnegt, datt 2030 op der Cloche d’Or een zweeten Tramsschapp soll opgoen, fir de stätteschen Tram a fir de séieren Tram.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit