Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Cold Cold Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Statec rechent fir 2024 mat enger Inflatioun vun 2,3 Prozent a mat weiderer Indextranche

Wirtschaft

Statec rechent fir 2024 mat enger Inflatioun vun 2,3 Prozent a mat weiderer Indextranche

De Statec huet seng Inflatiounsprevisioun fir dëst Joer liicht vun 2,2 op 2,3 Prozent ugehuewen. Ausléiser ass déi rezent Hausse vun de Pëtrolspräisser. Onofhängeg dovu geet d’Inflatioun op e puer Joer gekuckt weider zeréck.

auto_stories

1 min

Illustratioun Inflatioun | © picture alliance / photothek | Ute Grabowsky
Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky

De leschte Mount huet déi annuell Inflatioun hiren niddregsten Niveau zënter 3 Joer erreecht. Dat ass fir d’europäesch Zentralbank e wichtege Critère wa se an engem Mount iwwert eng méiglech Zënsbaisse an der Eurozon entscheet.

Fir d’nächst Joer ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg onkloer well d’Regierung nach net decidéiert huet, wéi et mat de staatleche Subventioune vum Stroum a Gas weider geet.

Mat der nächster Indextranche rechent de Statec nach ëmmer am véierten Trimester: Tëscht Oktober a Chrëschtdag sollen d’Salairen an d’Pensiounen also automatesch em 2,5 Prozent un d’Inflatioun ugepasst ginn.