Am Juli 2023 hat d’Generalinspektesch vun der Police dem deemolege grénge Minister fir bannenzeg Sécherheet, dem Henri Kox, virgeschloen, déi véier ze suspendéieren. Dat, well géint déi véier Polizisten, dorënner e Kommissär, en Inspekter, en Inspecteur-adjoint an e Commissaire-adjoint vum Kommissariat op der Stater Gare, eng strofrechtlech Enquête lafe géif.
Zwee vun hinnen, dorënner dem Inspekter, gouf reprochéiert, verstäerkten Händschen ugedoen ze hunn, fir datt et zu méi schlëmme Blessure sollt kommen. E weidere Polizist wier present gewiescht. Déi dräi Polizisten hätten d’Affer duerno leie gelooss an zu jonke Poliziste gesot, déi sollten d’Blutt ewechmaachen.
Fir d’Generalinspektesch missten déi véier no der Untersuchungshaft suspendéiert ginn, wat de Minister kuerz drop och gemaach hat.
Den Inspekter hat am Oktober 2023 um Verwaltungsgeriicht dogéint geklot. Den Tribunal administratif hat him am November zejoert awer Onrecht ginn. De Mann hat am Januar dogéint Appell gemaach.
Suspensioun war déi richteg Decisioun
Op der Cour administrative huet hien all d’Reprochë bestridden a gemengt, datt de Minister eng manner streng Decisioun hätt kënnen huelen, wéi d’Suspensioun. Fir déi zweet Riichtere war d’Suspensiounsdécisioun awer keng Strof, mee eng Noutmoossnam.
De Minister misst feststellen, op Grond vun ënner anerem der Gravitéit vun de Faiten, wat fir eng Mesure déi gëeegent wier. Well och wéinst Folterhandlungen enquêtéiert gouf, déi héich Prisongsstrofen no sech zéie kënnen, kéint de Polizist net a senger Fonctioun bleiwen.
D’Cour administrative huet deemno d’Aschätzung vum Minister gedeelt, datt de Polizist op Grond vun der Gravitéit vun de Beschëllegunge géint hien net kéint weiderschaffen. D’Urteel vum November zejoert wier also ze confirméieren. An de Mann hätt dann och keng Indemnité de procédure vun am Ganze 6.500 Euro fir déi zwou Instanzen zegutt.