arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tania Brugnoni gëtt déi nei Direktesch vum MNAHA

Kultur

|
headphones

1 min

Tania Brugnoni gëtt déi nei Direktesch vum MNAHA

D‘Tania Brugnoni gëtt déi nei Direktesch vum MNAHA, dem nationale Musée fir Archeologie, Geschicht a Konscht. De Regierungsrot huet gréng Luucht fir d‘Nominatioun ginn. Si iwwerhëlt op den 1. Januar d‘nächst Joer de Poste vum Michel Polfer, deen Enn des Jores an d‘Pensioun geet. Directeur-adjoint gëtt de Regis Moes.

headphones

1 min

Tania Brugnoni | © T. Brugnoni
Tania Brugnoni (Foto: T. Brugnoni)

Den MNAHA superviséiert 3 Muséeën: den Nationalmusée um Fëschmaart, de Musée Dräi Eechelen um Kierchbierg an d‘Réimervilla zu Iechternach. Dobäi kommen nach zwee Recherchezenter.