Radioen

On air

Notturno  |  Liam De Bruin - Lavender

play_arrow Live
search

/ Theema Atomenergie: Zwee DP-Deputéiert hu Froen zur Lëtzebuerger Positioun gestallt

Parlamentaresch Fro

Theema Atomenergie: Zwee DP-Deputéiert hu Froen zur Lëtzebuerger Positioun gestallt

Lëtzebuerg hannerfreet et net, wann aner EU-Länner virun an d'Atomenergie investéieren. Dat äntwert de Luc Frieden op eng parlamentaresch Fro, déi zwee Deputéiert vum Koalitiounspartner DP gestallt haten. Huet déi schwaarz-blo d'Regierung eng gemeinsam Positioun an deem Dossier?

auto_stories

1 min

Lëtzebuerg géif d‘Decisioun vun EU-Länner, déi weider an d‘Atomenergie wëllen investéieren, net hannerfroen, ausser wa sou Decisiounen direkt Sécherheetsrisike fir Lëtzebuerg schafen. Dat äntwert de Premier Luc Frieden op den DP Deputéierte Corinne Cahen a Barbara Agostino hir parlamentaresch Fro iwwert d‘Positioun vun der CSV-DP Regierung a Saachen Atomenergie.

Déi liberal Deputéiert hu Prezisioune gefrot nodeems de Luc Frieden sech virun enger Woch um Bord vum EU-Sommet zu Bréissel fir eng finanziell Ënnerstëtzung vun der Nuklearfuerschung ausgeschwat hat, och mat europäesche Suen.

Op deem Punkt äntwert de Luc Frieden nach: Den europäesche Budget géif haut schonn am Kader vum ITER an Euratom finanziell Mëttel fir d’Fuerschung an d’Atomenergie zur Verfügung stellen. D’Regierung wäert sech op europäeschem Niveau dofir asetzen, datt esou vill wéi méiglech ëffentlech Ressourcen an d’Recherche an an den Ausbau vun erneierbaren Energië ginn, an datt d’EU-Mëttel fir Nuklearfuerschung prioritär an de Beräich vun der Sécherheet a vun der Offallentsuergung solle fléissen.