Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Steely Dan - Babylon Sisters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Theemen Ukrain, Gazasträif an Iran: EU-Aussen- a Verdeedegungsministeren treffe sech zu Lëtzebuerg

Europäesch Unioun

Theemen Ukrain, Gazasträif an Iran: EU-Aussen- a Verdeedegungsministeren treffe sech zu Lëtzebuerg

Ee volle Programm erwaart déi 27 EU-Aussen- a Verdeedegungsministeren, déi sech haut zu Lëtzebuerg treffen. Hëllefe fir d'Ukrain, d'Spannungen am Noen Osten a Sanktioune géint den Iran sollen diskutéiert ginn.

auto_stories

1 min

Europäesch Fändele virun der Kommissioun | © picture alliance/dpa | Thomas Banneyer

D‘Aussen- a Verdeedegungsministeren aus de 27 EU-Staate kommen haut zu Lëtzebuerg zesummen. Nierft der Fro, wéi d‘Ukrain nach méi vun der EU kann ënnerstëtzt ginn, solle si sech och mam Krich an der Gazasträif an de Spannungen am Noen Oste befaassen. Och eventuell nei Sanktioune géint den Iran stinn zur Diskussioun.

No de rezenten Attacke vum Iran op Israel hat den EU Aussebeoptraagte Josep Borrell d‘lescht Woch annoncéiert, datt d‘EU d‘Sanktioune géint den Iran wéilt verschäerfen.