Radioen

On air

Thé Dansant  |  Black Ivory - I Keep Asking Your Questions

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Traurege Rekord bei der Stëmm vun der Strooss

Bilan 2023

Traurege Rekord bei der Stëmm vun der Strooss

En negative Rekord huet d’Associatioun Stëmm vun der Strooss zejoert opgestallt: bal 200.000 Moolzechte sinn am Joer 2023 verdeelt ginn. Dat sinn der 40.000 méi wéi nach dat Joer virdrun. Ëmmer méi Leit, déi eng Aarbecht hunn, sinn op d’Restaurante vun der Stëmm ugewisen, a musse souguer hir Kanner matbréngen, bedauert d’Direktioun vun der Stëmm.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Zanter datt d’Stëmm vun der Strooss d’Diere vun hire Sozialrestauranten am Joer 2014 opgemaach huet, ass d’Demande vu Moolzechten am Joer ëm 191 % geklommen. Ufanks wier de Gros vun der Clientèle effektiv obdachlos gewiescht. Haut gesäit dat anescht aus, erkläert den Arnaud Watelet.

"Aujourd'hui, dans nos restaurants sociaux, nous trouvons des travailleurs pauvres. Des personnes qui sont incluses dans la société, qui ont un travail, qui ont un logement, mais qui sont incapables de pouvoir terminer leurs fins de mois et qui sont obligées de venir chez nous pour réussir à se nourrir. Et malheureusement, elles sont même amenées à venir avec leur famille. Ça veut dire que l’on peut voir apparaître des enfants au sein des restaurants sociaux."


Statistik vu Muelzéchten déi Stëmm vun der Strooss verdeelt huet | © Stëmm vun der Strooss
Statistik vu Muelzéchten déi Stëmm vun der Strooss verdeelt huet (Foto: Stëmm vun der Strooss)

Ëmmer méi Mannerjäreger a Jonker

Alarmant wier, datt och ëmmer méi Mannerjäreger a Jonker tëscht 18 a 25 op d’Offer vun der Stëmm ugewise sinn. Déi géif ee momentan nach un aner, responsabel Servicer weiderleeden , well ee bis ewell als Stëmm vun der Strooss nach keng Offer speziell fir Jonker hätt.

Lëtzebuerger a Portugisen, déi béid Nationalitéite wieren ënner hire Clienten am gängegsten a géife 14 % ausmaachen, erkläert de Responsabele fir d’Kommunikatioun vun der Stëmm, de Bob Ritz:

"De Pourcentage vun de Lëtzebuerger geet zwar erof, mee den nombre total vu Lëtzebuerger geet an d’Luucht. Wou mer 2014 eng 274 Lëtzebuerger haten, si mer 2023 bei 1123."

Et wier ee frou, datt een der Demande zejoert gerecht gi wier . Wann d’Zuelen awer weiderhin esou klamme géifen, dann hätt ee warscheinlech an ee bis zwee Joer net méi genuch Kapazitéit an de bestoende Strukturen, esou nach d’Direktioun vun der Stëmm vun der Strooss.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft