Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz dem Krich an der Ukrain: D'Yuliia ass nees zeréck op Kiew

Heemwéi

Trotz dem Krich an der Ukrain: D'Yuliia ass nees zeréck op Kiew

D’Yuliia, eng 30 Joer al Fra aus Kiew huet viru véier Méint decidéiert, Lëtzebuerg an domat d‘Sécherheet ze verloossen an op Kiew zeréckzegoen, obwuel et nach laang net no engem Enn vum Krich ausgesäit.

auto_stories

4 min

Vue op eng Bréck zu Kiew | © picture alliance / NurPhoto | Maxym Marusenko
D'Vue op eng Foussgängerbéck zu Kiew (Foto: picture alliance / NurPhoto | Maxym Marusenko

Am Mäerz 2022, also ee Mount nodeems de Krich an der Ukrain ugefaangen huet, ass d’Yuliia mat hirer Mamm, hirem Hond an hirer Kaz op Lëtzebuerg komm. Si hätt net wëlle fortgoen, seet déi jonk Fotografin, mee si hätt hir Mamm net wëllen eleng goe loossen. Zu Lëtzebuerg hunn déi zwou Fraen dunn iwwert ee Joer mat engem Lëtzebuerger Resident ënnert engem Daach gewunnt.

„Ech hunn et surrealistesch fonnt. Eng Persoun kann een dach net einfach bei sech heem invitéieren ouni een ze kennen. Ech duecht, do stécht eppes hannendrun. Mee et huet sech erausgestallt datt hien einfach gaaschtfrëndlech a léif wier. Ech mengen zum Schluss si mir wéi eng Famill ginn.“

Hire Mann ass an der Ukrain bliwwen

Der Yuliia hire Partner, den Oleksa, ass an der Ukrain bliwwen. Ukrainesch Männer, déi fir de Militärdéngscht a Fro kommen, dierfen d’Land net verloosse bis de Krich eriwwer ass. Just ier si op Lëtzebuerg komm ass, hunn déi zwee sech nach bestuet.

All 2,3 Méint ass d’Yuliia dunn hire Mann mam Zuch an d’Ukrain besiche gaangen. Dëst Joer am September huet si d‘Decisioun geholl nees ganz zeréck op Kiew ze goen.

No engem Joer gëtt et méi schwéier. An hien huet decidéiert an de Krich ze zéien. Ech hat immens Angscht. (…) Et ass vläicht e bëssen dramatesch. Mee ech hat wierklech Angscht. An ech sot mer ech wëll déi Zäit déi bleift mat him verbréngen.“

Hir Mamm ass zu Lëtzebuerg bliwwen. Déi hätt sech nämlech zu Lëtzebuerg frësch verléift, seet d’Yuliia mat engem Laachen, awer gläichzäiteg mat enger gewësser Trauregkeet an der Stëmm. Fir déi selbstänneg Fotografin a Social Media Managerin gouf et awer nach e weidere Grond net zu Lëtzebuerg ze bleiwen. Et wier nämlech schwéier fir als Fotograf zu Lëtzebuerg e Kontrakt ze kréien.

„An ech mengen ech hat och Angscht eng Aarbecht ze fannen. Well ech wousst, datt ech dann op mannst en halleft Joer oder méi misst schaffe bis ech kéint Congé huelen. A wann eppes u mäi Mann géif kommen oder hie géif an de Krich zéien, da kéint ech net einfach an den Zuch klammen a bei hie fueren.“

Vun Dag zu Dag liewen

Bis elo wier hire Mann aus gesondheetleche Grënn nach net an déi ukrainesch Arméi agezu ginn, esou d’Yuliia. Dat kéint sech awer schonn an den nächste Wochen oder Deeg änneren, fäert déi jonk Fra. Eng Zukunft ze plange wier ënnert deenen Ëmstänn schwéier.

„Ech probéieren Dag fir Dag ze liewen. An heiansdo och emol e bësse fir eng Woch ze plangen, wann ech dat kann. Natierlech hunn ech elo den Alter an deem Leit oft u Kanner kréien denken, an ech denken och dorunner. Mee ech hu mat mengem Mann geschwat a leider si mir allen zwee der Meenung datt mer net an enger stabiller Positioun sinn an der Ukrain an datt et keng gutt Zäit ass fir ee Bébé.“ 

Trotz all deem probéiert d’Yuliia sech nees en Alldag mat hirem Mann zu Kiew opzebauen. Den Oleksa schafft am Homeoffice fir eng amerikanesch Firma. D’Yuliia geet a Foto-Course fir sech weiderzebilden. Kiew huet der jonker Ukrainerin immens gefeelt.

„Jo ech hu Kiew immens vermësst. Caféen an déi ech gaange sinn. Verschiddener sinn zou wéinst dem Krich. Ma et sinn och nei Plazen opgaangen. An dat ass elo fir mech immens intressant. Ech entdecke meng Stad nach emol nei.“

D'Yuliia huet sech un de Krich gewinnt

Un de Krich gëtt d’Yuliia trotzdem ëmmer nees erënnert duerch reegelméisseg Attacken. Un de Kaméidi hätt si sech mëttlerweil gewinnt.

„Ech war iwwerrascht, datt ech eng ganz Nuecht duerch geschlof hunn trotz enger Attack. Virdru sinn ech ëmmer wakreg ginn an ech hat Angscht. Den Nervesystem passt sech un. Ech weess net ob dat eng gutt oder eng schlecht Saach ass. Ech fille mech – net onbedéngt méi roueg, mee méi neutral.“

De Statut vun der Protection temporaire zu Lëtzebuerg konnt d’Yuliia iwwerdeems halen. Ob si eng Kéier zeréck op Lëtzebuerg kënnt, konnt si eis net soen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
International
Politik a Gesellschaft