Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Ausseminister Antony Blinken op net-annoncéierter Visitt zu Kiew

Ukrain

US-Ausseminister Antony Blinken op net-annoncéierter Visitt zu Kiew

Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken ass an der ukrainescher Haaptstad Kiew ukomm. Seng Visitt, déi net am Viraus annoncéiert gi war, kënnt zu enger Zäit, wou d‘Ukrain et schwéier huet, déi russesch Offensive bei der zweetgréisster ukrainescher Stad Charkiw oofzewieren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP

D‘Ukrain huet zouginn, datt Russland un der Front am Osten avancéiert ass. D‘Verdeedegungslinne ronderëm Charkiw hätten awer nees kënne verstäerkt ginn, an d‘Ukrain géif hir Positiounen halen, seet Kiew.

Den US-Ausseminister wäert zu Kiew dem ukrainesche President Selenskyj versécheren, datt hien op weider Ënnerstëtzung vun den USA ziele kann.

Déi nächst amerikanesch Waffeliwwerunge sollen imminent an der Ukrain ukommen. Dat nodeems de Kongress no laangem Blockage virun dräi Woche weider Waffen a militäresch Hëllef fir d‘Ukrain an Héicht vun 61 Milliarden Dollar autoriséiert hat.