Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Senat stëmmt dem Hëllefspak fir d'Ukrain zou

Krich an der Ukrain

US-Senat stëmmt dem Hëllefspak fir d'Ukrain zou

An den USA huet och de Senat een Hëllefspak vun 61 Milliarden Dollar fir d‘Ukrain ugeholl. De Gesetzprojet, deen och Hëllef fir Israel an Taiwan virgesäit, muss nach vum President Joe Biden ënnerschriwwe ginn. Dat gëllt als Formalitéit.

auto_stories

1 min

Kapitol Washington | © PartTime Portraits / Unsplash

D‘Ukrain soll dës Woch scho vun den USA Waffen a militärescht Equipement geliwwert kréien, esou den Joe Biden.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet dem Senat Merci gesot. Déi nei amerikanesch Hëllef kënnt zu enger Zäit, wou déi ukrainesch Arméi seet, et géif hir akut u Munitioun a Waffe feele fir sech géint Russland ze vereedegen.

Déi séier Zoustëmmung vum Senat war erwaart ginn, well d‘Demokraten do eng Majoritéit hunn. Am Representantenhaus war den Hëllefspak méintelaang vun de Republikaner blockéiert ginn.