Radioen

On air

Notturno  |  Sam Amidon - Light Rain Blues

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA: Israel kéint géint dat humanitäert Vëlkerrecht verstouss hunn

Aktuelles aus dem Noen Osten

USA: Israel kéint géint dat humanitäert Vëlkerrecht verstouss hunn

Israel huet an der Gazasträif méiglecherweis géint dat humanitäert Vëlkerrecht verstouss. Esou heescht et an engem Rapport vum amerikaneschen Ausseministère. Dat mat Waffen, déi hinne vun den USA zur Verfügung gestallt goufen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / dpa
Foto: picture alliance / dpa

Wuel wier et schwiereg, eenzel Virfäll ze bewäerten. Et wieren awer genuch Virfäll gemellt ginn, déi engem géifen ze denke ginn, esou de Rapport. 

D‘Verhandlungen iwwer eng Wafferou an iwwer d‘Fräiloossung vun den israeelesche Geisele sinn iwwerdeems an enger Sakgaass. Déi lescht Verhandlungsronn zu Kairo hätt zu kengem Resultat gefouert, heescht et aus der amerikanescher Delegatioun. Et géif ee sech beméien, béid Säiten dozou ze beweegen, weider mateneen ze schwätzen.