Radioen

On air

Tockcity  |  TOPS - ICU2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA hëlt wäiss südafrikanesch Flüchtlingen un

Éischt 60 Leit empfaangen

USA hëlt wäiss südafrikanesch Flüchtlingen un

An den USA goufen déi éischt wäiss südafrikanesch Flüchtlingen empfaangen. Déi ronn 60 Leit am US-Staat Virginia empfaangen. Si kruten de Flüchtlingsstatut iwwert eng acceleréiert Prozedur accordéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP
(Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP)

De President Donald Trump huet dat doduerch begrënnt, datt wäiss Südafrikaner:innen als Minoritéit an hirem Land rassistesch diskriminéiert a verfollegt géife ginn. Déi südafrikanesch Regierung seet dat géif net stëmmen, et géif keng Diskriminatioun vu wäisse Südafrikaner:inne ginn.

Datt d‘USA wäisse Südafrikaner:innen de Flüchtlingsstatut accordéiere gëtt vu Mënscherechtsorganisatioune schaarf kritiséiert. All aner Demandë fir de Flüchtlingsstatut ze kréie goufen nämlech vun der Trump-Regierung gestoppt, dorënner déi vu Leit, déi aus Krichsgebidder kommen.