Hie sot och, datt déi europäesch Hëllef am Contraire zu där amerikanescher haaptsächlech aus Prête bestoe géif, déi duerno missten zeréckbezuelt ginn. Dat sinn alles Aussoen, déi dono jäizen, hannerfrot ze ginn. De Radiosreseau Euranet Plus, bei deem och de radio 100,7 Member ass, huet dofir och e Faktencheck gemaach, dee vun enger Journalistin koordinéiert gouf, déi zu Lëtzebuerg opgewuess ass an elo zu Paräis lieft: der Nina Lamparski.
D'USA hu keng Honnerte Milliarden Euro fir d'Ukrain ausginn, seet d'Nina Lamparski. Dem Kieler Institut fir Weltwirtschaft no hätten d'USA bis elo ongeféier 115 Milliarden Euro an d'Ukrain investéiert, d'EU dogéint 138 Milliarden. Et géif och sécher net stëmmen, datt d'USA mëttlerweil 350 Milliarden Euro fir d'Ukrain ausginn hätten.
Et wier och net esou, datt d'EU der Ukrain Sue géif léinen an d'USA géifen der Ukrain Sue quasi iwwerloossen, oder schenken. Déi meeschte Sue vun der EU wiere Subventiounen. Wann d'EU-Prête ginn huet, dann zu méi favorabele Konditiounen, well d'Land a Schwieregkeete wier, esou d'Nina Lamparski.
Dem Kieler Institut no kéint d'EU een Ewechfale vun den USA och kompenséieren, virun allem am finanziellen an am humanitäre Beräich géif d'EU och elo scho méi maache wéi d'USA. Méi schwéier wier et awer fir d'USA am militäresche Beräich ze ersetzen, virun allem déi militäresch Opklärungshëllef kéint ee warscheinlech net ersetzen, esou d'Nina Lamparski.