Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ulrike Bail - Rede zur Literatur

Literatur

Ulrike Bail - Rede zur Literatur

An der Kollektioun “Rede zur Literatur”, déi den Nationale Literaturarchiv publizéiert, ass et des Kéier d’Dichterin Ulrike Bail, déi hier Iwwerleeungen iwwer d’Schreiwen, festgehalen huet. E schmuelt Bändchen, dat en déiwen Abléck an der Ulrike Bail hier Approche erlaabt.

auto_stories

3 min

Wat ass e Gedicht, wéi entsteet et, wat seet et aus, wat seet et iwwer mech aus, wéi steet et zu der Welt? Ass et mäi Gedicht, bleift et mäi Gedicht?

Just e puer vun de sëllege Froen, déi d’Ulrike Bail hei opwerft an ech hunn se elo ganz vereinfacht resüméiert, well och an enger Ried verléiert d’Dichterin net hier poetesch Sprooch an esou zerpléckt si d’Komplexitéit vum Entstoen, vum Sënn a vum Kontext vun all eenzelnem Gedicht op eng, fir si typesch Manéier.

Das Autobiographische versteckt sich, es verflüchtigt sich beim Setzen der Buchstaben. Wenn eine Leserin, ein Leser ein Gedicht laut liest, wessen Stimme ist zu hören?

All eenzel Wuert ass an engem Gedicht vill méi pertinent wéi an engem Prosatext, virun allem, wann een esou konzentréiert schreift wéi d’Ulrike Bail. An datt all Wuert vun hir mat gréisster Sollicitude agesat gëtt, dat erkennt een net just an hirem Schreiwen, mee kritt een och hei konfirméiert.

Net just fir d'Schéinheet

An hiren Erklärunge bleift si un de Wierder hänken, hëlt se auserneen, geet hir Bedeitung, hir Bedeitungen, hiren historeschen a kontextuelle Sënn sichen a mécht dem Lieser esou och direkt begräiflech, wéi hir Gedichter entstinn.

An deem Zesummenhang weist d’Ulrike Bail, datt hirt Schreiwen, trotz der renger a klorer Schéinheet, net just fir déi geschriwwe sinn. Kann een iwwer de Krich schreiwen, wann een a Sécherheet ass? D’Autorin befaasst sech mat Dichterinnen an Dichter, déi de Krich an der Ukrain erliewen, erlieft hunn an déi, déi deem Krich an der Distanz no sinn. Si schwätzt vum Dilemma an deem sech d’Lyrik am Krich befënnt.

"Wohin mit all den Trümmern?

Wohin, wenn nicht in die Texträume der Lyrik."

Keng einfach Äntwerten op komplizéiert Froen

Sech, dat eegent Schreiwen, d’Ëmfeld an dem Ëmgang mat dësem. D’Ulrike Bail mécht et sech net einfach, huet keng einfach Äntwerten op komplizéiert Froen, och net op d’Schreiwe vu Gedichter. Si weist just, wéi wichteg se sinn als Ausdrock, als Äntwert op alles dat, wat ronderëm eis passéiert, wat mat eis passéiert.

Fertig ist ein Gedicht nie, da es sich immer, wenn es gelesen wird, verändert. Ich lasse es los, gebe die Sprachbilder frei, die Zeilen vagabundieren in der Hoffnung. Menschen stossen ihm zu, die es lesen. Dort können sie weilen.

Eng wichteg Ried, fir all déi, déi der Ulrike Bail hirer Dichtung wëlle méi no kommen an awer och fir all déi, déi mengen, datt gutt Gedichter entstinn, wann een op d’wäisst Blat kuckt an op d’Erliichtung waart.