Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Upassung vum Steierbarème: De Ministère gëtt Rechebeispiller

Chamber-Finanzkommissioun

Upassung vum Steierbarème: De Ministère gëtt Rechebeispiller

An der Chamber-Finanzkommissioun huet den neie Finanzminister Gilles Roth de Gesetzprojet presentéiert, fir d‘Upassung vum Steierbarmème an Héicht vu véier Indextranchen op den 1. Januar d‘nächst Joer. An engem Presseschreiwes gëtt de Ministère e puer Beispiller, wéi déi Mesure d‘Stéit soll entlaaschten.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / Pra Chid

Eng Persoun an der Steierklass 1, mat engem Brutto-Joresgehalt vu 75.000 Euro, kéint deemno ronn 1.000 Euro manner u Steiere bezuelen. Fir eng Koppel mat engem Joresgehalt vun 125.000 Euro wier et e Gewënn vu bal 2.200 Euro am Verglach mat dësem Joer, eng Entlaaschtung vun 10,9 Prozent.

E Steierzueler an der Steierklass 1A géif esouguer ronn 20 Prozent manner bezuelen an hätt duerch d‘Adaptatioun 1.160 Euro méi an der Täsch.

De Ministère präziséiert awer, datt de Chiffer deen een um Enn wäert gesinn, manner wäert sinn, well duerch de Steierkredit deen dëst Joer gëllt, d‘Stéit schonn zum Deel entlaascht gi waren. Des Moossnam wäert de Staat 480 Milliounen Euro kaschten, 180 Milliounen Euro méi, wéi d‘Upassung vu just 2 an enger hallwer Tranchen, déi jo schonn déi viregt Regierung an der Tripartite decidéiert hat.

D'Rechebeispiller vum Ministère