Aus der Lëscht vum Transparenzregëster geet den Ament nämlech net ervir, wat d’Thema vun der Entrevue wier, den Datum, mat wéi engem Deputéiert an ob se iwwerhaapt stattfonnt huet.
D'Chamber koum schonn am Abrëll zur Conclusioun, datt dat net duergeet an huet entspriechend Upassunge proposéiert.
Lobbyaarbecht novollzéie kënnen
Den Zougank zu dësen Informatiounen ze hunn, wier fir d’Press awer och fir Privatpersounen immens wichteg, erkläert de Misch Pautsch. Vill Gesetzer wiere schonn zu engem groussen Deel beaflosst, éier se iwwerhaapt eng éischter Kéier op Pabeier bruecht ginn, betount den ALJP-President.
Et geet also dorëms Lobbyaarbecht kënnen nozevollzéien. De Misch Pautsch betount, datt Lobbyaarbecht net onbedéngt eppes Schlechtes wier. Et misst een ebe just een transparenten Abléck dra kréien, well déi ee groussen Afloss op d’Gesetzesgebungsverfaren hätt.
Transparenzregëster vun der Regierung zënter Januar net richteg ausgefëllt
Der ALJP wier et och wichteg, datt et Sanktioune fir déi politesch Responsabel ginn, wann de Regëster net richteg oder konsequent ausgefëllt gëtt.
"Wat mir virun allem hoffen ass, datt eng Form vun Accountability entsteet. Also datt an iergendenger Form, datt wann do, wat jo manifestement geschriwwent Gesetz ass, wann dat ignoréiert gëtt, datt et do Konsequenze gëtt."
Den Transparenzregëster vun der Regierung wier zum Beispill schonn zënter Uganks dës Joers net richteg ausgefëllt ginn, kritiséiert de Misch Pautsch. Déi lescht Entrée do wier vum 10. Januar. Dat obwuel de Premier Luc Frieden schonn deemools verséchert hätt, datt dee Regëster bannent puer Woche sollt aktualiséiert ginn, esou nach de Misch Pautsch