Deemools war e Mann no engem Sträit mam Haaptugeklote mat Messeren op d'Trainingsterrainen an der Hiel zeréckkomm. Den Haaptbeschëllegten hat um Enn mat engem vun de Messeren op de Mann agestach, dee Stonnen drop u senge Blessure gestuerwe war. Den Haaptugekloten hat de Riichteren no net an Noutwier gehandelt a war och net provozéiert ginn. Dofir sinn 18 Joer Prisong, 12 dovu mat Sursis probatoire, géint de Mann gesprach ginn.
Eng psychiatresch a psychologesch Behandlung gehéiert zu den Oploe fir den Haaptugekloten, deen donieft der Famill vum Affer an der Gesondheetskeess zesumme ronn 63.000 Euro Schuedenersatz bezuele muss. Doriwwer eraus gouf e Partage des responsabilités gesprach. D'Affer krut deemno eng Matschold vun engem Drëttel um déidleche Virfall.
Appell ze maachen, ass eng Pist
De Me Mioli, Affekot vum Haaptugekloten, war nom Urteel gedeelter Meenung. Wuel wieren d'Riichtere sengem Plädoyer zum Deel nokomm, mat ënner anerem engem raisonnabele Sursis probatoire, mee Légitime défense wier net zeréckbehale ginn an datt säi Mandant provozéiert gi wier, wier och net a Betruecht gezu ginn.
Hie géif sech Froe stellen a misst mat sengem Client doriwwer schwätzen. Nach wier et ze fréi fir ze soen, ob een Appell maache géif, mee et wier eng méiglech Pist, déi ee seriö a Betruecht géif huelen, esou de Affekot.
Keng Strof fir zweete Matugekloten
Och beim Partage des responsabilités wier d'Geriicht sengen Argumenter nokomm, mee net souvill wéi erhofft, esou de Me Mioli. Hien hätt deen éischter bei fifty/fifty gesinn. An och dee gesprachene Schuedenersatz kéint eng Belaaschtung fir säi Client ginn.
"Ce sera aussi à considérer pour savoir si on fait appel ou pas. C’est vrai que sa situation de travail n’est pas optimale pour supporter, à son âge, déjà ce genre de montants."
Fir de Matugeklote gouf et iwwerdeems eng Suspension du prononcé, dat heescht et gouf wuel zeréckbehalen, datt e Feeler geschitt ass, mee dofir keng Strof gesprach. Dat ënner anerem, well him zum Deel Noutwier guttzehale wier.