Radioen

On air

Notturno  |  Loudon Wainwright III - Lullaby

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Véier Méint Coworking-Space vum Staat zu Schieren

Schwéierpunkt vum Dag

Véier Méint Coworking-Space vum Staat zu Schieren

Véier Méint no sengem Lancement geet den éischte Coworking-Space vum Staat zu Schieren vun haut u fir all d’Mataarbechter vum Staat op. Den zoustännege Minister Serge Wilmes schwätzt vun enger moderner Aart a Weis fir ze schaffen. Den Eric Ewald war bis op Schieren kucken.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Jean-Paul Zeimes, Buergermeeschter vu Schieren; Serge Wilmes, Jean-Paul Marc, Chargé de mission Coworking au ministère de la Fonction publique | © SIP / MFP play_arrow
V. l. n. r.: Jean-Paul Zeimes, Serge Wilmes a Jean-Paul Marc. (Foto: SIP/MFP)

D’Coworking-Konzept ass fir d’éischt an den USA opgedaucht: 2005 zu San Francisco. Coworking bedeit “niefteneen-“ oder “zesummeschaffen“ a stellt - nieft der klassescher Aarbechtsplaz um Büro oder doheem - eng drëtt Schaffplaz duer.

Méi Flexibilitéit an Onofhängegkeet?

Bis elo konnte just Agente vun de Ministèrë vun der Fonction publique a vun der Digitalisatioun zu Schieren schaffen. Elo dierfen och Leit aus anere Ministèren de Coworking-Space notzen.

22 Aarbechtsposten, equipéiert mat allem, wat ee brauch, fir uerdentlech schaffen ze kënnen, an dat op 186 Meterkaree Surface: Esou presentéiert sech deen éischte Coworking-Space vum Staat zu Schieren. D’Virdeeler solle virun allem an der Flexibilitéit an an der Onofhängegkeet leien. Eppes, wat ee Mataarbechter vum Fonction-publique-Ministère - ee vu "just" véier Agenten, déi e Freideg do aktiv waren - mat zwou Hänn ënnerschreift.

“Also ech mengen, et kann een nëmme recommandéieren, wann een aus der Géigend ass oder och aus dem Norden oder vläicht och souguer vum Zentrum, kann eropkommen. Also ech kommen aus dem Norden. Do kann ech wierklech just recommandéieren, fir et ze maachen.”

Nieft der Proximitéit spillt awer och de Réseautage oder Networking eng Roll, wéi de Minister Serge Wilmes erkläert.

“Hei léiert een och nach aner Leit kenne vun anere Verwaltungen a vun anere Ministèren, wat awer och ganz flott ka sinn, wou een awer mol eng Kéier kann eng Zesummenaarbecht eventuell fannen.”

Positiven Echo bei de Frontalieren

Esou Espacë bréngen d’Aarbechtsplaz méi no bei d’Plaz, op där ee wunnt. Eng besser Liewensqualitéit ass d’Zil, duerch zum Beispill manner Zäit am Trafic. Fir Leit, déi net an d’Stad, mee just op Schieren musse fueren, bréngt dat dem Jean-Paul Marc no, Premier Conseiller de Gouvernement am Fonction publique-Ministère, ënner anerem mat sech, datt een Zäit spuert.

“Si géifen an der Moyenne 36 Minutte pro Dag gewannen, am Stroosseverkéier. An dat sinn insgesamt 44 Kilometer, déi si net géife fueren.”

Eng "win-win"-Situatioun fir jiddwereen, wéi de Jean-Paul Zeimes, Buergermeeschter vu Schieren, betount.

“Fir de Fonctionnaire, deen heihi ka schaffe kommen. Fir d’Gemeng, a fir de Ministère”

De Coworking-Space sollt optimalerweis no bei enger Gare a bei Busarrêten, bei Stroossen a bei Vëlosweeër leien, fir séier accessibel ze sinn. Zu Schieren hunn, esou de Buergermeeschter, an deene véier éischte Méint zum groussen Deel Frontalieren op den Espace zeréckgegraff.

“Déi hu mir natierlech gesot: Um Niveau vun der Liewensqualitéit, um Niveau vun deem, wou si einfach all Dag iergendwou awer vläicht eng Stonn spueren, beim Hin- an Hierfueren, ass dat natierlech eng Saach, déi awer ganz gutt kënnt”

Serge Wilmes: Eng modern Aart a Weis fir ze schaffen

Beim Projet Renovatioun vun der aler Schoul hätt een zu engem gewëssene Moment ëmdisponéiert, an du wier een ebe beim Coworking gelant. D’Gemeng hätt vill investéiert an dat wëllen auslaaschten, sou de Jean-Paul Zeimes.

“D’Gemeng war natierlech do direkt Preneur, fir dat wierklech hei an der Entrée vun der Nordstad iergendwou, dee Projet vum Coworking, einfach och ze lancéieren.”

De Schierener Coworking-Space war e Projet vun der viregter Regierung, déi op deem Plang ganz richteg loung, wéi de Serge Wilmes ënnerstrach huet.

“Mir wëlle gär, datt d’Fonction publique sech ëmmer weider moderniséiert, an de Coworking ass eng weider modern Aart a Weis fir ze schaffen, nieft zum Beispill dem Teletravail.”

 CDA-Gemenge ginn envisagéiert

Bis dato hunn awer nëmmen zwee bis véier Ministèresmataarbechter d’Woch dës nei Manéier fir ze schaffen an Usproch geholl. Et wëllt een d’Iddi nawell weider ausbauen, erkläert de Minister vum ëffentlechen Déngscht, an dofir am Süden an am Oste vum Land nei potenziell Coworking-Space-Plaze fannen.

“Mir hunn elo e Bréif erausginn, de Landesplanungsminister Claude Meisch an ech als Fonction publique-Minister, well mir natierlech och gär wëllen d’Krittäre vun der Landesplanung mat respektéieren an och déi Gemenge cibléieren, wou am beschten ugeschloss sinn, dat heescht. un den ëffentlechen Transport, mee wou och elo schonn déi héchst Konzentratioun vun Awunner an Aarbechtsplaze sinn. Déi sougenannt CDA-Gemengen.”

D'CDA-Gemengen (Centre de Développement et d'Attraction), dat sinn an der Haaptsaach déi fréier kantonal Haaptstied, an hei si virun allem am Süden an am Osten, déi laanscht d’Grenz, am Viséier, seet de Jean-Paul Marc, Premier Conseiller de Gouvernement am Fonction publique-Ministère.

“Déi CDA-Gemengen an deene Regioune si fir den Oste Gréiwemaacher, Réimech, Iechternach a Munneref Am Süden ass et Esch, Diddeleng an Déifferdeng.”

Réiden, Stengefort, Klierf, Wolz a Veianen wieren zwar och ugeschriwwe ginn, mee d’Prioritéit léich eben de Moment um Süden an um Osten.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft