Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Disco Dans Ta Cave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verhandlungen iwwer eng Wafferou: Kataresche Premier huet seng Bedenken

Gazasträif

Verhandlungen iwwer eng Wafferou: Kataresche Premier huet seng Bedenken

De kataresche Premier ass éischter pessimistesch wat d‘Verhandlunge fir eng nei Wafferou an der Gazasträif ugeet. Déi aktuell israeelesch Offensiv an der Stad Rafah hätt d‘Verhandlunge gebremst, a si wieren elo praktesch an enger Sakgaass.

auto_stories

1 min

Mohammed bin Abdulrahman Al Thani | © picture alliance / Photoshot
Foto: Mohammed bin Abdulrahman Al Thani

Dës Situatioun bedauert de Mohammed bin Abdulrahman Al Thani. De kataresche Premier ass ee vun den Haapt-Mediateure bei de Verhandlungen.

Déi israeelesch Offensiv zu Rafah geet virun an d‘Zuel vun Affer géif weider klammen, seet iwwerdeems de palestinensesche Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt. Banne 24 Stonne wieren 82 Leit ëm d‘Liewe komm. Domat wier de Bilan op bis elo 35.173 Doudeger geklommen.

Dat zënter dem 7. Oktober zejoert, wou Israel eng Offensiv lancéiert huet, nodeems Hamas-Kämpfer bei enger terroristescher Attack op Israel 1.200 Leit ëmbruecht haten.