Radioen

On air

Soundcheck  |  Patti Drew - Beggar For The Blues

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geriichtspresident: “D’Vertrauen an d’Justiz gëtt op d’Spill gesat”

Politik a Justiz

Geriichtspresident: “D’Vertrauen an d’Justiz gëtt op d’Spill gesat”

De President vum Ieweschte Geriichtshaff hëlt de Parquet a Schutz: Et wier “ganz schlëmm”, datt de Parquet am Moment vu verschiddene Politiker virgeheit kritt, e géif an der Diskussioun ronderëm d’Heescheverbuet eng politesch Positioun anhuelen, esou den Thierry Hoscheit am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
De President vun der Cour Supérieur Thierry Hoscheit. (Foto: Jo Diseviscourt)

Esou Aussoen géifen d’Onoofhängegkeet vum Parquet a Fro stellen, an doduerch d’Vertrauen an d’Justiz ënnergruewen.

“Et gëtt keen Unhaltspunkt fir déi doten Ausso. A wann elo déi politesch Verantwortlech dobaussen awer soen, ma de Parquet den huet eng eege politesch Agenda, déi e poursuivéiert, da gëtt dem Parquet seng Impartialitéit a Fro gestallt. An dat ass ganz dramatesch fir d’Vertrauen an d’Justiz.”

D’Geriichter hätte scho geuerdeelt, datt et kee gesetzlecht Heescheverbuet méi gëtt.

“An da fannen ech et ganz dramatesch, wann eis politesch Responsabel dobausse soen: Dat interesséiert eis net, wat déi Geriichter do decidéiert hunn, mir sinn anerer Meenung. Nee, do gëtt et Geriichtsurteeler, déi hunn dat eben decidéiert."

Nach keng institutionell Kris

Hie kéint nach novollzéien, wann een net mat allen Urteeler averstanen ass. Mee da wier et un de politesche Responsabelen, Konsequenzen dorauser ze zéien, an d'Gesetz gegeebenenfalls ëmzeänneren.    

"Mee et ass ganz dramatesch, wann d’Vertrauen an d’Justiz ënnergruewe gëtt, doduerch, datt gesot gëtt: Mir applizéieren déi Décisioune net.”

Vun enger institutioneller Kris wollt de President vun der Cour Supérieur awer nach net schwätzen. Hie géif dovun ausgoen, datt d’Diskussioun sech iergendwann berouegt, an d’Onofhängegkeet vun der Justiz dann och nees respektéiert gëtt, esou den Thierry Hoscheit. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft