Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verwaltungsgeriicht: E männlechen Asyldemandeur huet geklot a krut Recht

De Mann muss an enger Struktur ënnerkommen

Verwaltungsgeriicht: E männlechen Asyldemandeur huet geklot a krut Recht

Am Fall vu Männer, déi eleng sinn an internationale Schutz zu Lëtzebuerg ufroen, ass een éischt Urteel vum Verwaltungsgeriicht gesprach ginn. E Mann huet eng Requête agereecht a krut Recht: Hie muss eng Plaz an enger Struktur vum Office National de l‘Accueil kréien.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Axel Heimken play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Axel Heimken

Zanter leschtem Oktober ginn eenzel Männer, déi Asyl hei ufroen, net méi direkt an Accueilsstrukturen acceptéiert, kommen op eng Waardelëscht a mussen op der Strooss liewen. Dat wier géint d‘Rechter vun deene Leit, huet d‘Verwaltungsgeriicht fonnt. Et géifen och nach méi Leit kloen, esou Passerell. 

Keng Plaz an de Strukturen, wat dann?

Dat wier ee wichtegt Signal, esou d’ASBL Passerell an engem Communiqué. De Staat wier elo obligéiert, deem Mann wärend senger Asylprozedur een Daach iwwert dem Kapp ze bidden. Et wier awer elo mol just een Urteel, esou d’Anke Vandereet, Menscherechtsbeoptraacht vu Passerell.

"C’est important à savoir que ça reste une mesure de sauvegarde jusqu’au moment où il y aura une décision sur le fond. Mais en tout cas c’est super, en plus ça aboutit à ce que la personne soit hébergée le jour même du jugement."

Wa keng Plaz an de Strukture wier, da misst eben een Hotelzëmmer zur Verfügung gestallt ginn, heescht et nach am Urteel vum Verwaltungsgeriicht.

"Mais on a l’impression qu’il reste des places. Pour les autres personnes aussi il y a des critères de vulnérabilité qui jouent aussi. Mais ils attendent parfois à ce que quelqu’un de l’extérieur pousse pour que la personne reçoive sa place."

Ronn 280 Demandeure goufen ofgeleent

Tëscht dem 23. Oktober a dem 18. Januar wiere ronn 280 Demandeuren an de Strukture vum ONA ofgeleent ginn, esou Passerell. Genee Zuelen, wéi vill Leit grad op der Strooss musse liewen, huet Passerell net.

Et géif een elo hoffen, datt d’Regierung no dësem éischten Urteel vum Verwaltungsgeriicht hir Decisioun iwwerdenkt, esou d’Anke Vandereet.

"Je pense qu’il y aura d’autres affaires qui vont, on espère, aller dans le même sens, et peut-être le gouvernement va changer cet Argument devant le juge, c’est possible, mais les avocats vont aussi continuer à travailler sur leur argumentaire devant le juge, donc on verra comment ça va évoluer, mais on a beaucoup d’espoir qu'il y aura d’autres jugements positifs pour les autres personnes qui sont toujours à la rue ou qui sont toujours à la Wanteraktioun."

Lauschterenplay_arrow

Max Hahn wëll u Waardelëschte festhalen

Am Fall vu Männer, déi eleng sinn an internationale Schutz zu Lëtzebuerg ufroen, wëll de Minister fir Accueil, de Max Hahn, weiderhin um Prinzip vun der Waardelëscht festhalen. 

"Datt mer haut eng 40 Leit op där Lëscht hunn, wa mer wëssen dass mer awer nach tëscht 5 an 10 Demandeure pro Dag hunn, déi am Moment ukommen, weist awer wéi reaktiv mer sinn a wéi séier mer probéieren d’Leit vun der Lëscht do ze huelen. Mer hunn eng Haaptbestriewung an dat ass fir derfir ze suergen, datt d’Leit schnellstméiglech an eis Strukture kommen."

Max Hahn lauschterenplay_arrow

Fir de Max Hahn musse vulnerabel Leit a Famillje mat Kanner prioriséiert ginn.

Déi Leit, déi de Wanter iwwer op der Strooss geschlof hunn, hätte sech dat selwer esou rausgesicht – et wiere jo genuch Better an der Wanteraktioun, wou si kéinten ënnerkommen, esou nach de Max Hahn. 

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft