Radioen

On air

Tockcity  |  Eli Preiss - Nikes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vietnam: Cheffin vun engem Immobilliegrupp zum Doud verurteel

Wéinst Finanzbedruch

Vietnam: Cheffin vun engem Immobilliegrupp zum Doud verurteel

Am Vietnam ass d‘Cheffin vun engem risegen Immobiliegrupp zum Doud verurteelt ginn. Dat wéinst Finanzbedruch. Et soll sech ëm de gréisste Fall vu Finanzfraude am Vietnam handelen.

auto_stories

1 min

Foto: Flickr

Déi 67 Joer al Truong My Lan ass zu Hanoi wéinst Korruptioun, Verontreiung a Verletzung vu Bankereegelen verurteelt ginn. Doduerch soll déi staatlech Bank Saigon Commercial Bank e Schued vun ëmgerechent 25 Milliarden Euro gehat hunn. D‘Immobilienagentin soll de Kapp vun der Band gewiescht sinn.

Zanter 2016 geet dat kommunistescht Land geziilt géint Korruptioun vir. Am Mäerz ass de vietnameesesche President schonn zeréckgetrueden, well hien an e Korruptiounsskandal verwéckelt war. Honnerte Fonctionnairë goufen entlooss.