Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Honey

play_arrow Live
search

/ Vu Mee u gi keng Poliziste méi aus anere Kommissariater an d‘Stad ofgezunn

D'Police deelt mat

Vu Mee u gi keng Poliziste méi aus anere Kommissariater an d‘Stad ofgezunn

Enn Abrëll ginn nämlech 90 nei Polizisten assermentéiert, déi zwar net alleguerten an d‘Stad solle kommen, mee doduerch kéinten déi verstäerkte Policepatrullen an der Stad awer weider assuréiert ginn.

auto_stories

1 min

D‘Police zitt dann och e Bilan vun de verstäerkte Policekontrollen an der Stad, zënter dem 15. Januar. Bis de 14. Abrëll hätt d‘Police 886 Persoune kontrolléiert an 68 Protokoller geschriwwen. Just 4 vun deene Protokollen hätte mat Heescherei ze di gehat. Déi aner hate mat Drogen, mat Signalementer oder aneren Infraktiounen ze dinn.

An 197 Fäll hätten d‘Polizisten agegraff fir Persounen an Agäng vu Gebaier ewegzekréien.

Duerch déi verstäerkte Policeasätz an der Stad konnten och 192 Infraktioune vum Code la route festgestallt ginn, wéi aus dem Bilan vun der Police-Aktioun ervirgeet.