Radioen

On air

Notturno  |  Nei Musek

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasserwirtschaftsamt: Nitratbelaaschtung a Lëtzebuerger Quellen ze héich

Grondwaasser zu Lëtzebuerg

Waasserwirtschaftsamt: Nitratbelaaschtung a Lëtzebuerger Quellen ze héich

D’Grondwaasser zu Lëtzebuerg ass op ville Miessplazen duerch Pestiziden an Närstoffer belaascht. E gudden ökologeschen Zoustand, wéi en déi europäesch Waasserdirektiv virschreift, kann op ville Plazen net erreecht ginn. Mat an der Responsabilitéit géif d’Landwirtschaft stoen.

auto_stories

3 min

Bauer Piff | © picture alliance / Countrypixel | FRP
Foto: picture alliance / Countrypixel | FRP

Besonnesch Nitrat, dat am Kierper zu gëftegem Nitrit kann ëmgewandelt ginn, gehéiert zu deene problematesche Substanzen.

Obwuel d’europäesch Nitratreglement zënter dem Joer 2000 gëllt, kënne bei de Lëtzebuerger Gewässer a beim Grondwaasser an de leschte Jore keng wesentlech Verbesserunge festgestallt ginn, heescht et aus dem Waasserwirtschaftsamt.

Dat huet elo scho Konsequenzen: Eng ganz Rei vu Quellen hei am Land sinn entweder ganz zou, d’Waasser muss verdënnt ginn oder et ginn Ausnamegeneemegungen. Wéi den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes erkläert, wier den Equivalent vu Quellen, déi 40.000 Leit kéinte versuergen, den Ament ausser Betrib.

"Dat ass awer schonn een net onbeuechtlechen Deel vun eisem Waasser."

EU-Kommissioun fuerdert méi Efforte vu Lëtzebuerg

Et goufe Verbesserunge bei de Belaaschtungen, déi aus de Kläranlagen ofgelooss goufen, awer keng an der Landwirtschaft. D’Ursaach wieren dat iwwerméissegt Ausbrénge vu Piff wéinst héijem Véibestand an Dünger.

“Mee et ass scho richteg, datt d'Nitratbelaaschtungen effektiv vill vun der Gülle hier kommen. Et kéinte lo awer och mol mineralesch Düngunge sinn.”

De Constat steet och am sougenannte Bewirtschaftungsplan, dee reegelméisseg iwwert d’Situatioun vun eise Gewässer informéiert. Véier vu sechs geologesche Grondwaasserkierper si belaascht.

Manner Nitrat muss fräigelooss ginn an et wäert Joren daueren, bis datt den Nitrat aus dem Buedem erausgespullt ass. Och d’EU-Kommissioun huet an engem Rapport aus dem Joer 2022 ënnerstrach, datt Lëtzebuerg méi Efforte misst maachen.

Ausbléck an Erwaardunge vu Baueren

Bis den 20. Juni soll d’Waasserwirtschaftamt elo een neien Nitratbericht ausschaffen, deen een État des lieux mécht. Op der Basis vun deem Rapport soll dann am Hierscht d’Nitratlegislatioun iwwerschafft ginn. Och d’Piffen an d’Schutzzonereegelung sollen iwwerkuckt ginn.

Um Landwirtschaftsdësch goufen et, laut Lëtzebuerger Bauer, dobäi grouss Erwaardunge vu Säite vun de Baueren, datt an Zukunft méi Flexibilitéit méiglech wier. Sou einfach dierft dat awer net ginn.

"Dat ass vläicht an der jëtzeger Situatioun, wou mir éischter gesinn, datt sech d’Valeure stabiliséieren an elo net tendenziell erof ginn, vläicht net esou realistesch, well mir musse jo awer kucken, datt mir och eis Ziler erreechen."

Spillraum besteet bei bürokratesche Prozeduren

National Gesetzer a virun allem europäesch Oplage wieren hei ganz strikt an déi missten och respektéiert ginn.

“Wou awer Spillraum besteet ass beim d’Vereinfache vun de bürokratesche Prozeduren, der ganzjäreger Buedembedeckung oder nach bei neien Techniken oder de Lagerkapazitéite fir Piff.”

An der Waasserwirtschaft géif kee Beamte setzen, deen déi Prozesser nach méi komplizéiert wéilt maachen, ënnersträicht dobäi de Jean-Paul Lickes.