Radioen

On air

Notturno  |  Matthew E. White - Take Your Time (And Find That Orange To Squeeze)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Walrecht ab 16 an Integratioun vun der KI: d'CNEL mat Fuerderungen un d'Regierung

Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg

Walrecht ab 16 an Integratioun vun der KI: d'CNEL mat Fuerderungen un d'Regierung

Den Handy dierft net aus der Schoul verbannt ginn, mee e misst integréiert an an der Schoul genotzt ginn. Dat ass eng vun de Fuerderunge vun der CNEL un déi nei Regierung. Op enger Pressekonferenz huet den nationale Schülerkommitee hir Virstellung vun der Schoul vu muer virgestallt an huet betount, wéi wichteg et fir d’Schüler wier, ee gesonden Ëmgang mat der digitaler Welt an der Schoul ze léieren. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

CNEL | © Ana Angel play_arrow
Foto: Ana Angel

D'CNEL bedauert, datt am Koalitiounsaccord näischt festgehal ass iwwer kënschtlech Intelligenz an der schoulescher Bildung. Dobäi wieren d’Schüler fortschrëttlech a modern, an net konservativ , esou den Dany Semedo, President vum Schülerkommitee.

"Kënschtlech Intelligenz huet seng Plaz an der Schoul. KI an Digitaliséierung gehéieren alle béid zu eiser Zukunft. D’Roll vun der Schoul ass et, d’Schüler dofir och virzebereeden. Wat kann ech mat KI maachen? Wéi ginn ech domat em? Wat fir Risiken huet d’KI? Dat sinn d’Froe mat deenen d’Schoul sech ausernee setze sollt."

Den Ëmgang mat KI an Digitalisatioun an der Schoul ze léieren géif iwwerdeems dofir suergen, dass d’Kanner méi sécher am Internet sinn, betount de Schülerkommitee nach weider, grad wann et ëm de kriteschen Ëmgang mat Falschmeldungen, also fake news, geet.

Een droit à la deconnection fir d’Schüler

Den Dany Semedo fënnt och, datt et nees Zäit géif ginn, fir iwwert d’Walrecht ab 16 ze diskutéieren.

"Ech denken, et ass ee wichtege Prozess an eiser Gesellschaft. Et ginn ëmmer méi kritesch a komplex Froen, déi gestallt ginn, notamment zu der Logementspolitik, Klimapolitik awer och Bildungspolitik. An ech denken, datt et wichteg ass fir déi Jonk och do ee Matsproocherecht ze hunn, well et awer och em hir Zukunft geet."

Datt déi mental Gesondheet hir Plaz an de Schoule fënnt, ass fir d’Schülerrepresentantë wichteg. Dofir fuerderen si een droit à la deconnection fir d’Schüler, wéi d’Laly Chivard, Vize-Presidentin vun der CNEL, erkläert.

"D’Schüler hunn, genee sou wéi d’Proffen, ab verschiddenen Auerzäiten, Vakanz a weekends, d’Recht, net op Teams ze äntweren, hunn se d’Recht, net hir schoulesch Messagen ze kucken."

De Schülerkommitee fuerdert iwwerdeems, datt all Schüler a senger Lycéeszäit ee Stage soll maachen, a Lëtzebuergesch schreiwen a schwätze ka léieren. 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft