Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Walter Baier: Europäesch Gauche huet eng gemeinsam pazifistesch Grondhaltung

Europawalen

Walter Baier: Europäesch Gauche huet eng gemeinsam pazifistesch Grondhaltung

De Walter Baier, Spëtzekandidat vun der europäescher Lénker bei den Europawalen a gutt 3 Wochen, ass frou, datt seng Parteiefamill - zu där och déi Lénk vu Lëtzebuerg gehéieren - sech op eng gemeinsam Positioun zum Ukrain-Konflikt verstännege konnt.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

play_arrow
De Walter Baier ass Spëtzekandidat vun der europäescher Lénker bei den Europawalen. (Foto: KPÖ)

De Walter Baier ass Spëtzekandidat vun der europäescher Lénker bei den Europawalen. Spannend ass natierlech d'Fro, wéi de lénke Fligel mëttlerweil zu Russland steet. Et géing een dem Putin seng Regierung an och de Gros vun den anere russesche Parteien net ënnerstëtzen. Dat war déi kloer Ausso vum Walter Baier. Och vun der russescher kommunistescher Partei hätt ee sech distanzéiert. Et géing een elo just nach ganz kleng Gruppéierungen ënnerstëtzen, déi regimmkritesch wieren.

Dräi kloer Punkte fir eng Kompromëssléisung

Wat de Krich an der Ukrain ugeet, do wier hie frou, datt d'Lénksparteien gemeinsam un engem Strang zéien. Och wann et, historeschen a geographesch bedéngt, vu Land zu Land grouss Nuancë géif ginn. Am 100,7-Interview huet de Walter Baier d’Kompromëssléisung an dräi Punkte resuméiert.

"Erstens: Wir wollen, dass möglichst rasch eine Feuerpause stattfindet. Vielleicht ist es möglich eine solche Feuerpause in Zusammenhang mit den Olympischen Spielen durchzuführen. Zweitens: Wir wollen, dass Verhandlungen beginnen, und wir wollen drittens den Rückzug der russischen Truppen und die Anerkennung der territorialen Integrität und Souveränität der Ukraine erreichen." 

D’Kompromëssléisung war e Plädoyer fir eng politesch an diplomatesch Léisung vum Konflikt. Domat hätt sech um Enn déi pazifistesch Grondhaltung vun der Gauche duerchgesat, sou de Walter Baier.

Ee Rietsruck gëtt gefaart

26 kommunistesch an aner Lénksparteie sinn an der Partei vun der Europäescher Lénker organiséiert. Dorënner och déi Lénk vu Lëtzebuerg. Op der Lëscht vun de Vollmembere feelen awer wichteg europäesch Lénksparteien, wéi zum Beispill La France insoumise oder déi spuenesch Podemos.

Am 100,7-Interview sot den Eisträicher Walter Baier, hie géif hoffen, datt all d’Lénksparteien no de Walen nees an enger gemeinsamer Fraktioun zesummeschaffen, sou wéi dat och déi lescht 5 Joer am Europaparlament de Fall war.

"Ja, ich hoffe, dass es so ist. Es ist ja auch naheliegend. Wir werden ein Europaparlament sehen mit einer sehr starken radikalen extremen Rechten. Wir werden möglicherweise eine Mehrheit rechter Parteien im Europaparlament sehen."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
Krich an der Ukrain
Politik