Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Xaver Richter - Sträichquartett an Do Majeur, Op. 51, I. Allegro con brio - Martinu Quartet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ännert sech 2024?

TVA, CO2-Steier a Subventiounen

Wat ännert sech 2024?

2024 bréngt eng Rei Verännerunge mat sech: D’TVA klëmmt nees op den Niveau, wou se virum Ukrain-Krich war, d’CO2-Steier geet weider liicht an d’Luucht, mee fir d’éischte Kéier zanter siwe Joer gëtt de Steierbarème un d’Inflatioun ugepasst.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Et ass déi éischt Upassung vun der Steiertabell zanter 2017. Duerch d’Inflatioun ass d’Steierlaascht vun de Stéit an deene leschte siwe Joer däitlech geklommen. Elo soll déi duerch d’Upassung nees reduzéiert ginn. Awer net ganz.

D'Steierlaascht bleift relativ gesinn ëmmer nach héich

Ronn d’Hallschent vun der Inflatioun aus de leschte siwe Joer gëtt consideréiert. Déi verschidde Steierniveaue ginn an der Steiertabell ëm ronn 10 Prozent no uewen ugepasst, also ëm véier Indextranchen. Et goufen awer zanter der leschter Upassung vum Barème aacht Indextranchen. D’Steierlaascht geet dëst Joer also zu Lëtzebuerg erof, ass awer relativ gesinn nach ëmmer méi héich wéi 2017. Wéinst de ville Krisen an de leschte Joren hunn déi aktuell Regierung an déi vu virdrun argumentéiert, datt de Staat am Moment net de Sputt hätt, fir eng integral Inflatiounsberengegung vun der Steiertabell.

Anti-Krisemesure lafen aus

Da lafen dëst Joer verschidden Anti-Krisemesuren aus, anerer lafe weider. Déi staark staatlech Subventionéierung vun den Energiepräisser gëllt nach bis Enn dës Joers. D’TVA-Sätz klammen awer nees op den Niveau, wou se virun der staarker Inflatioun louchen. Zu Lëtzebuerg gëllt zanter dësem éischte Januar also nees een normale Steiersaz vu 17 Prozent, an ee reduzéierte Saz vun aacht Prozent. D’lescht Joer ware se wéinst der Inflatioun temporär ëm ee Prozentpunkt reduzéiert ginn.

Theema CO2-Steier

Aner Mesuren, déi op de Kampf géint de Klimawandel zeréckzeféieren ass: Am Kader vum nationale Klima- an Energieplang, kuerz PNEC, ass d’CO2-Steier gëscht ëm 5 Euro pro Tonn geklommen. Beim Diesel a Bensinn mécht dat ronn ee Cent um Liter aus, och de Mazout ass vun der Steier betraff. Lëtzebuerg ass keen Eenzelfall: An Däitschland ass d’CO2-Steier zanter Ufank dës Joers méi héich wéi zu Lëtzebuerg: An Däitschland sinn et 45 Euro pro Tonn CO2, zu Lëtzebuerg 35 Euro. Hei am Land wäert et bis 2026 daueren, bis och 45 Euro pro Tonn applizéiert ginn.

Fir Leit mat méi engem nidderege Revenu gëtt et awer eng staatlech Kompensatioun. Salariéeën a Pensionéierter mat engem Revenu vu manner wéi 80.000 Euro am Joer kréien een CO2-Steierkredit vu maximal 168 Euro am Joer. Déi Montante sinn op dësen éischte Januar no uewen ugepasst ginn.

Keng Subventioune méi fir Hybridautoe

An da ginn et och Ännerunge bei de staatleche Subventiounen: D’Subventioune fir Hybridautoe sinn elo ausgelaf, de Kaf vu reng elektreschen Autoe gëtt bis Enn dëst Joer nach mat 8,000 Euro ënnerstëtzt. De Kafvertrag muss awer virum 31. Mäerz ofgeschloss si fir dovunner ze profitéieren.

An déi wéinst der Energiekris temporär méi héich Subsiden op zum Beispill Photovoltaik-Anlagen a Wäermepompele si bis Enn Juni verlängert ginn. 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Wirtschaft
Ëmwelt