Radioen

On air

Notturno  |  The Psychedelic Furs - The Ghost In You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Konsequenzen huet d’Annonce vum Verfassungsschutz fir d’AfD?

Geséchert rietsextrem

Wéi eng Konsequenzen huet d’Annonce vum Verfassungsschutz fir d’AfD?

Déi Astufung als rietsextrem Partei kéint eng ganz Rëtsch u Konsequenzen hu fir d’AfD. Eng Verbuetsprozedur kéint Jore laang daueren, mee elo scho misst ee verschidde prinzipiell Froe klären, huet d’Spriecherin vun der Innenminister:innenkonferenz präziséiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Den 39. däitschen evangelescheKierchendag  zu Hannover (03-05-25) bei deem eng Resolutioun fir en AfD-Verbuetaccordéiert gouf. | © picture alliance / epd-bild | Paul-Philipp Braun play_arrow
Den 39. däitschen evangelescheKierchendag  zu Hannover (03-05-25) bei deem eng Resolutioun fir en AfD-Verbuetaccordéiert gouf. (Foto: picture alliance / epd-bild | Paul-Philipp Braun)

An Däitschland debattéieren elo d’Bundesländer iwwert d’Annonce vum Bundesamt fir Verfassungsschutz fir d’AfD Partei als geséchert Rietsextremistesch ze bezeechnen. Mëtt Juni soll dat op der Innenminister:innenkonferenz zu Bremerhaven thematiséiert ginn.

Entloossungen an e Finanzéierungsstop?

Konsequenze fir d’AfD-Partei kéinten et der dräi ginn. D’Inneminister:innen vun de Bundesländer sollen am Juni eng éischte Kéier driwwer diskutéieren, wéi eng Konsequenzen dat kéint hunn op den ëffentlechen Déngscht.

Staatsbeamtinnen a Staatsbeamte missten d’Gesellschaft an déi grondleeënd demokratesch Fräiheete schützen. Am Eenzelfall misst dat zu enger Entloossung vun AfD-Membere kënne féieren, sot de Roderich Kiesewetter, een CDU-Sécherheetspolitiker.

Fir de bayreschen CSU-Inneminister Joachim Herrmann misst een och iwwerpréiwen, ob d’AfD als erwise rietsextrem Partei net och misst vun der staatlecher Parteiefinanzéierung ausgeschloss ginn.

Den CDU-Chef aus Niedersachsen de Sebastian Lechner hält dat fir noutwendeg, hie kéint dat net erdroe wann eng Rietsextrem a verfassungsfeindlech Propaganda duerch ëffentlech Gelder finanzéiert gëtt.

Gedeelte Meenungen zu engem Parteiverbuet

Ëmstridde bleift ënnert den Inneminister:innen aus de Bundesländer d’Fro vum Parteiverbuet, eng Prozedur déi vum Bundestag, dem Bundesrat oder der Bundesregierung kéint an d’Weeër geleet ginn.

Och d’SPD-Politiker:inne si sech ënnereneen net driwwer eens. De Georg Maier aus Thüringen sot der Bild géintiwwer, datt esou eng Prozedur als nächst misst ënnerholl ginn.

Den SPD-Parteikolleeg aus Hamburg, den Andy Grote, dogéint warnt virun engem séieren Handelen, et misst ee fir d’éischt iwwerpréiwe loossen ob esou eng Prozedur fir d’AfD ze verbidde juristesch méiglech wier.

Lauschterenplay_arrow