Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Ezra Feinberg - Soft Power Feat. David Lackner

play_arrow Live
search

/ Wéi eng Serie vun Accidenter en 61 Millioune-Bedruch méiglech gemaach huet

Caritas-Affär

Wéi eng Serie vun Accidenter en 61 Millioune-Bedruch méiglech gemaach huet

100,7-Recherchë fir den Zeenewiessel-Podcast weisen, datt de Bedruch bei der Caritas zu ville Momenter hätt kënnen opfalen. Déi enorm Envergure krut d'Fraude just duerch eng laang Serie vun Accidenter, déi virun allem intern an der kathoulescher Hëllefsorganisatioun geschitt sinn.

auto_stories

5 min

headphones

2 min

play_arrow

Presidententricke fléie gewéinlech no kuerzer Zäit op. Krimineller gi sech an der Firma als President oder Direkter aus, verlaange Finanztransferten op friem Konten ze maachen, a wann d'Fraude no e puer Virementen opflitt, sinn d'Suen a ville Fäll scho verschwonnen. 

Bei der Caritas huet d'Fraude fënnef Méint laang gedauert an et goufen 125 frauduléis Virementen. Dowéinst huet d'Affär vun Ufank u Froen opgeworf. Eis Recherchë weisen, wéi d'Fraude sech ëmmer weider an d'Längt gezunn huet an a wéi ville Momenter de Bedruch hätt missen oder kënnen opfléien.

Wéi fänkt alles un?

De 7. Februar 2024 kritt déi fréier Finanzdirektesch vun der Caritas eng Mail vun enger Persoun oder Persounen, déi sech als hire Generaldirekter Marc Crochet ausginn. Si ass fënnef Méint laang mam marc.crochet55@gmail.com a Kontakt. Zousätzlech gëtt si vum 7. Februar u reegelméisseg ugeruff. Vun enger Persoun, déi sech als e Paräisser Geschäftsaffekot ausgëtt. Hannendru stécht e kriminelle Reseau. Dat huet d'Justiz fréi kloer gemaach. 

Déi fréier Finanzdirektesch ass am Juli zejoert vun der Justiz inculpéiert ginn, wéinst hirer Roll bei den Transferten a Spuenien. Si seet, si wier Affer vun engem Presidententrick ginn an hätt gegleeft am Optrag vun hirem Direkter ze handelen. Mee hiert Verhale werft vill Froen op. 

Finanzdirektesch mécht direkt mat

Den Optrag vum marc.crochet55@gmail.com am Februar 2024 kritt'Instruktiounen a Fro stellt.

Et ginn ëmmer nees Momenter, wou d'Finanzdirektesch hir Responsabilitéit géintiwwer der Organisatioun fir déi si schafft, net eescht hëlt. Notamment stellt si net a Fro, datt den Ofschlossdatum vun deem geheime Projet fir eng Firma ze kafen ëmmer weider no hanne geréckelt gëtt. Den 8. Abrëll kritt si vum marc.crochet55@gmail.com d'Rechnunge fir "déi lescht Paiementer". Duerno ginn awer nach bis an de Juli 30 Milliounen a Spuenien iwwerwisen. 

Der fréierer Finanzdirektesch hiert Verhalen ass e grousst Rätsel, wéi déi éischt Episod vun der Podcast-Serie "Carambolage" weist. Zu Wuert kënnt och eng fréier Aarbechtskolleegin vun der Finanzdirektesch. Wéi aner Sourcen och, confirméiert d'Martine Leseigne, datt déi fréier Finanzdirektesch eigentlech ëmmer all Ausgab hannerfrot a kontrolléiert huet. Déi éischt Episod beliicht och, wéi déi fréier Finanzdirektesch gehollef huet, Rechnungen ze fälschen, déi fir de Bedruch benotzt goufen. 

Zäitdrock oder awer net? 

Bei de Recherchë fir "Carambolage" ass de radio 100,7 op e weidert erstaunlecht Verhale vun der Finanzdirektesch gestouss. Ee BGL-Kontrakt fir eng Ligne de crédit ass op de 24. Mee 2024 datéiert, an de Caritas-Direkter Marc Crochet ass zu deem Moment nach e puer Deeg am Land, éier hie fir e sechs Woche laange Congé an d'Ausland fiert. 

Déi fréier Finanzdirektesch schreift der BGL zwar et misst ganz séier goen, si freet awer net hiren Direkter fir de Kontrakt ze ënnerschreiwen, obwuel si jo eegenen Aussoen no am Glawe war mat deem eng geheim Finanztransaktioun ze realiséieren. 

Si waart bis de 5. Juni fir den deemolegen operationellen Direkter vun der Caritas ze froe fir de Kontrakt ze ënnerschreiwen. Et fält op, datt si dat genee deen Ament mécht, wéi dee bis aus enger Reunioun mam Caritas-Verwaltungsrot eraus ass (wou hien de Marc Crochet vertrueden huet). An der zweeter Episod iwwer d'Banke geet de radio 100,7 där Saach am Detail op d'Spuer. 

D'Banken am Fokus

An där Episod gëtt och d'Fro opgeworf, wisou zwou Lëtzebuerger Banken esou liichtfankeg Kreditlinnen accordéiert hunn. A wisou besonnesch d'Spuerkeess als laangjäreg Bank vun der Caritas net gemierkt huet, datt iwwer d'Konnte vun der Spuerkeess géife riseg Zommen (méi wéi 50 Milliounen Euro via d'BCEE) a Spuenie goen, op Konten, déi sollen enger tierkescher Partner-ONG gehéieren, a Wierklechkeet awer net gehéiert hunn. An där Episod gëtt am Detail beschriwwen, wéi d'Finanzdirektesch sech ugeluecht huet fir dierfen op de Caritas-Konten an de Minus ze goen a wat d'Banke gemaach an net gemaach hunn. 

Mat hiren Direktiounskolleege sicht déi inculpéiert Finanzdirektesch net d'Gespréich. Esouguer net wärend enger ausseruerdentlecher Reunioun op engem Weekend am Abrëll 2024, matze wärend der Fraude. D'Direktioun hat sech mat enger Iwwernuechtung baussent de Caritas-Büroe getraff fir iwwer hir Projeten ze schwätzen. 

An déi dräi aner Direktiounsmemberen?

Déi aner Direktiounsmemberen hu wärend fënnef Méint net gemierkt, datt d'Caritas amgaange war Sue geklaut ze kréien. De Generaldirekter Marc Crochet an d'Direktesch fir d’Ressources humaines co-signéieren déi 125 frauduléis Virementen ouni déi ongewéinlech Finanzfluxen a Spuenien ze erkenne respektiv ze hannerfroen. 

Esouguer nom Retour vum Marc Crochet aus sengem Congé, an der Woch vum 8. Juli 2024, mierken déi aner Membere vun der Generaldirektioun net, wat lass ass. D'Konte sinn all déif am Minus, mee kee realiséiert, datt d'Kreditlinnen, iwwer déi rieds gaangen ass, effektiv scho gezu goufen.

Néng Deeg verginn nom Marc Crochet sengem Retour, bis d'Caritas d’Fraude entdeckt an eng Plainte deposéiert. D'Interaktiounen tëschent den Direktiounsmemberen an där leschter Woch éier d'Fraude opflitt, deiten op eng Rei intern Dysfonctionnementer bei der Caritas hin. Wat alles schifgelaf ass, beliichte mir an der drëtter Episod vu "Carambolage".

Offiziell Enquêtë lafen nach

Vun der Caritas ass néng Méint nodeems d'Fraude opgeflunn ass bal näischt méi iwwereg. Nieft der fréierer Finanzdirektesch sinn néng Mëttelsmänner ugeklot. Dës Persoune sinn an Untersuchungshaft. Eise Recherchen no hu si haaptsächlech hir Konten zur Verfügung gestallt fir d'Sue vu Spuenien aus verschwannen ze doen. Vun den 61 Milliounen Euro krut d'Caritas nach keen Euro zeréck. An d'Hoffnungen, datt dat méiglech ass, si geréng. 

Déi véiert Episod vu "Carambolage" iwwer de Verwaltungsrot kënnt den 28. Abrëll eraus. All d'Episode vum Zeenewiessel-Podcast kënnt Dir hei lauschteren.

Lauschterenplay_arrow