Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi fillt et sech un, näischt méi ze gesinn?

Den Hallwer Néng

Wéi fillt et sech un, näischt méi ze gesinn?

Wéi wier et, wann een net méi gutt géif gesinn, oder souguer komplett blann wier? Wéi fillt sech dat un a wéi gëtt een domat eens? De Maurice Molitor huet et an engem Selbstexperiment getest. 

auto_stories

4 min

headphones

23 min

© Maurice Molitor play_arrow
Foto: Maurice Molitor

Fir dee Versuch kënnen ze maachen, huet de Maurice Molitor vun engem "Erliefnismobil" hei zu Lëtzebuerg profitéiert. Dat ass eng kleng Camionnette, déi enger Schwäizer Fondatioun gehéiert - der Christoffel Blindenmission (CBM). Déi Camionnette war fir zwou Wochen am Land, ass bei Schoule gefuer, op Plaze mat ville Leit a stoung de 6. Mee fir den Ofschloss nach een Dag beim Spidol um Kierchbierg.

Mat organiséiert hunn dat d'Diane Wolter, Presidentin vun der Stëftung CBM (der lëtzebuergescher Schwësterorganisatioun vun där Schwäizer, déi den Erliefnismobil heihi geschéckt hat) an den Direkter vum Kompetenzzenter fir Leit mat enger Beanträchtgung vun der Siicht (CDV), de Frank Groben. 

Sensibiliséierung an Opklärung

Zil vun där Aktioun war et, d'Leit am Ëmgang mat Persoune, mat ageschränkter Siicht, ze sensibiliséieren. Dat virun allem schonn am jonken Alter. Dofir ass den Erliefnismobil och bei d'Schoule gefuer. De Projet hätt immens vill Resonanz gehat, dofir bedauert de Frank Groben, datt et just e kuerze Projet war, an datt een net an all Schoul, déi sech ugemellt hat, hätt kéinte fueren. 

D'Diane Groben, Presidentin vun der CBM, wëll awer och op d'Schwieregkeete vun de Leit mat Erkrankunge vun den Aen am globale Süden opmierksam maachen. Do wiere Behandlungen an Operatiounen am Aeberäich keng Selbstverständlechkeet. Dofir hëlleft d'CBM spezifesch an dräi Länner: Angola, Laos a Madagaskar. Dat a Form vu Formatioune fir d'Dokteren awer och a Form vu Spenden, wéi Instrumenter oder Mikroskopen. Konzentréiert géif sech virun allem op de groe Star, also de Katarakt, ginn. 

De Mënschen am globale Süden Zougang zu operativer Hëllef ze besuergen, dat géif och net d'Welt kaschten, erkläert d'Diane Wolter. E Kit fir eng Operatioun fir de Katarakt, géif zum Beispill 35 Euro kaschten. 150 Euro géife schonn eng méi komplizéiert Operatioun fir Kanner erméiglechen. 

Mat verbonnene Aen duerch e Parcours

Éier de Maurice Molitor an déi Camionnette era ka klammen, kann hien tëscht verschidde "Brëller" wielen, déi jeeweils eng aner Erkrankung vun den Ae simuléieren. Dorënner zum Beispill de groe Star (Katarakt) oder eng diabetesch Retinopathie. Also alles Erkrankunge vum A, bei där net déi ganz Sicht fort ass, si awer méi oder manner op verschidden Aart a Weise beanträchtegt ass. De Maurice huet sech awer fir d'Optioun entscheet, bei där hie guer näischt wäert gesinn. 

An där Camionnette dran ass e klenge Parcours, deen ee mat dem spezielle Brëll oder mat verbonnen Ae muss absolvéieren. Et geet dorëms méiglechst vill vun den Objeten, déi do stinn oder vun de Buedembeleeg, iwwert déi een trëppelt, ze erkennen, ze ertaaschten, z'identifizéieren. 

Vill Saache konnten ouni d'Aen net identifizéiert ginn

Dee ganze Parcours soll de Leit ze verstoe ginn, wat et heescht just nach eng ageschränkten oder guer keng Vue méi ze hunn. Iwwer dee Wee soll ee sensibiliséiert gi fir d'Problemer vu Leit, déi eben näischt oder net méi vill gesinn. 

Vill Saache konnt de Maurice, zu senger Iwwerraschung, ouni seng Aen net identifizéieren. 

Mat e bësse Chance kéint den Erliefnismobil 2027 nees eng Kéier op Lëtzebuerg kommen. 

Lauschterenplay_arrow

Politik a Gesellschaft
Interview